Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
search

/ Crypto4Winners - Parquet ermëttelt wéinst Verdacht op Bedruch a Blanchiment

Justiz

Crypto4Winners - Parquet ermëttelt wéinst Verdacht op Bedruch a Blanchiment

An der Affär ronderëm d‘Kryptowärungshandelsplattform "Crypto4Winners" huet de Parquet eng Enquête wéinst Bedruch a Blanchiment an d‘Weeër geleet. Wéi et am Presseschreiwes vun der Justiz heescht, wier eng Perquisitioun gemaach ginn.

auto_stories

1 min

© unsplash
(Foto: unsplash)

Géint zwou Persoune wier en Haftbefeel ausgestallt ginn, nodeems den Untersuchungsriichter si ugeklot hätt. Iwwert d‘Plattform wieren Investore mam Versprieche vun héijem Rendement ugelackelt ginn. Weideres deelt de Parquet net mat. Wien Informatiounen am Zesummenhank mat dëser Affär huet, ass gebiede sech bei der Police judiciaire ze mellen.