Radioen

On air

Kultur um 5  |  Filmkritik: "Sing Sing"

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Croix Rouge mellt Enkpass bei de Bluttspenden

Weltdag vum Bluttspenden

Croix Rouge mellt Enkpass bei de Bluttspenden

Zënter e puer Woche gëtt et en Enkpass bei de Bluttspendereserven. Dat deelt d’Croix Rouge mat a mécht um Weltdag vum Bluttspenden haut op d’Wichtegkeet vum Bluttspenden opmierksam.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / ginasanders play_arrow

Datt den Ament manner Leit Blutt spende géif ënnert anerem un der Vakanzenzäit an un de ville Feierdeeg hänken, seet d’Doktesch Andrée Heinricy am 100-7 Interview. Fir d’Enkpäss ze iwwerbrécke misst d’Croix Rouge Iwwerzeegungsaarbecht leeschten, betount d‘Doktesch.

Et gëtt ëmmer méi schwiereg Leit ze mobiliséieren

Fir iwwer d‘Ronnen ze kommen an d‘Besoine vun de Klinicken ze decken, géif dat heiansdo méi Initiativen erfuerderen. Da géif et och mol dozou kommen, datt d‘Croix Rouge d‘Leit perséinlech muss uruffen.

D‘Zuel vun de Bluttspender wier iwwert déi lescht Jore konstant bliwwen, mat ronn 14.000 bis 15.000 Bluttspender, erkläert d’Andrée Heinricy. Allerdéngs géif et ëmmer méi schwiereg gi fir d’Leit reegelméisseg ze mobiliséieren. Och d'Bevëlkerung klëmmt, wouduerch rëm méi gebraucht gëtt.

No der Pandemie géifen d‘Leit rëm méi reese wëllen. Fir verschidde Länner aus deenen een dann heem kënnt, gëtt et awer Restriktiounen an et muss ee waarde, bis ee rëm Blutt spende kann.

Wou kann ee Blutt spenden?

Et wier enorm wichteg, datt d’Leit Blutt spenden, betount d'Andrée Heinricy. Als Bluttspender soll een tëscht 18 a 60 Joer hunn an op d'mannst 50 Kilo schwéier sinn. Et soll ee virdru vill drénken an eppes Klenges iessen. 

Bluttspende kann een am Transfusiounszenter um Lampertsbierg an och zwee Mol an der Woch zu Esch an ee Mol zu Ettelbréck. Donieft fiert eng mobil Ekipp och op Wolz, Klierf, Iechternach, Kolpech a Gréiwemaacher.

Lauschterenplay_arrow