Radioen

On air

Moiesstudio  |  Keng Plaz (méi) am Sportsveräin

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Copernicus: 2023 wäert dat wäermste Joer ginn

Klima

Copernicus: 2023 wäert dat wäermste Joer ginn

Et ass elo esou gutt ewéi sécher, datt d‘Joer 2023 dat wäermste wäert ginn, wat jeemools gemooss gouf. Dat seet der EU hire Klimawandel Service Copernicus nodeems et och am Oktober nees aussergewéinlech waarm war.

auto_stories

1 min

Mat enger globaler Loft-Duerchschnëttstemperatur vu 15,38 Grad Celsius war de Mount Oktober 0,4 Grad méi waarm wéi de viregte Rekord vun 2019. Et war dee fënnefte Rekord-Temperatur-Mount hannereneen dëst Joer.

Ënnert de Konsequenze vun de waarmen Temperature sinn engersäits Hëtztwellen an Dréchenten, an anersäits méi staark Stierm an extreem vill Ree mat katastrophalen Iwwerschwemmungen.

Haaptgrond fir déi waarm Temperature sinn déi weider héich Ausstéiss vun C02 duerch fossil Energien. Dat gouf dëst Joer nach vum sougenannten El Niño Wiederphenomen verstäerkt.