Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - The Hustle

play_arrow Live
search

/ Confirméierte Fall vun Huesepescht zu Jonglënster

Landwirtschaftsministère

Confirméierte Fall vun Huesepescht zu Jonglënster

De Veterinär- a Liewensmëttellaboratoire LVA huet nogewisen, datt deen Hues um Tularämie-Erreeger gestuerwen ass. Bei Tularämie handelt et sech ëm eng héich ustiechend bakteriell Erkrankung, déi och op de Mënsch kann iwwerdroe ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski
(Foto: picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski)

D’Déier ass Enn Mäerz gestuerwen. Viru 4 Deeg huet eng Analys d’Krankheet du confirméiert. 

Deen Erreeger ass virun allem a Wëlldéieren ze fannen, besonnesch Huese sinn awer dofir empfänglech, dofir gëtt vun Huesepescht geschwat. Awer och Kanéngercher, Raten, Mais oder och Fleeschfrësser kënnen d‘Krankheet kréien. 

D'Kränkt kann op de Mënsch iwwerdroe ginn

De Landwirtschaftsministère warnt, et soll ee wëll Déieren oder Kadavere vu wëllen Déieren nëmme mat Händchen an enger Mask upaken. D‘Bakterie sinn och iwwer Anootmen iwwerdrobar, och iwwer kontaminéiert Waasser oder och Zecken. 

Dee Kontakt sollt dowéinst evitéiert a beim Fanne vu kranken Huesen de “Centre de soins pour la faune sauvage” zu Diddeleng informéiert ginn.