Radioen

On air

9 bis 1  |  Beirut - Postcards From Italy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Clinch tëschent de Schéinheetsmedezinner an dem Collège médical

Berufflech Infoen op doctena.lu

Clinch tëschent de Schéinheetsmedezinner an dem Collège médical

De Collège médical an d'Schéinheetsmedezinner hei am Land sinn de Moment am Clinch. Zeréckzeféieren ass dat op e Bréif vum Collège, deen op Vältesdag un d’Médecins esthétiques goung. Dora geet et ëm d’berufflech Informatioune vu Schéinheetsmedezinner op doctena.lu.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

Doctena | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D'Schéinheetsmedezinner hätten op doctena.lu déi offiziell net unerkannte Spezialitéit vu médecin esthétique uginn. Dobäi misste si op där Plattform iwwer d’Spezialisatioun informéieren, fir déi si eng Autorisation d’exercer hunn.

Am Schreiwes heescht et um Enn, datt d’Schéinheetsmedezinner “sous réserve d’éventuelles actions plus coercitives” hir berufflech Informatiounen op doctena.lu ännere sollten.

Collège médical: Transparenz fir de Patient

D’Lëscht vun de 54 Spezialitéite vun Dokteren an zwou vun Zänndokteren ass an engem Règlement grand-ducal vun 2011 opgeféiert. Fir déi Spezialitéite kritt e Medezinner hei am Land eng Autorisation d’exercer, ënnersträicht den Dr. David Heck. Dem Sekretär vum Collège médical no gehéiert d’Médecine esthétique net dozou.

Op doctena.lu géif een nach aner net unerkannte Spezialitéite fannen. An enger éischter Phas wier just e Bréif un d’Médecins esthétiques gaangen, mee anerer kéinten nokommen.

“Et ass eis immens wichteg, datt e Patient weess, wat déi Spezialitéit ass, fir déi en Dokter zu Lëtzebuerg seng Autorisatioun huet fir ze schaffen. All Dokter, deen dat net richteg ugëtt, wäert dann och vun eis eventuell sou e Courrier kréien.”

Chirurgen: Just zu Lëtzebuerg net geschützt

Dat groussherzoglecht Reglement ass net méi “up-to-date” a muss ugepasst ginn, fënnt iwwerdeems den Dr. Joe Hellers.

De Problem wier, datt d’Médecine esthétique weiderhi keng offiziell Disziplin ass. Si soll dat ginn, mee dat wier net esou einfach, seet de Spezialist fir plastesch Chirurgie. Hien hätt seng Spezialisatioun op doctena.lu en suspens gehalen, genee wéi aner Kolleegen. Dobäi misste si awer eng gewëss Visibilitéit hunn.

"Datt déi Disziplin och vu forméierten Doktere gemaach gëtt, déi verséchert sinn, net datt d’Leit dono iergendwou an engem Institut de beauté landen, wou dann déi Prestatioune vun Net-Doktere gemaach ginn, wat natierlech och deementspriechend Konsequenze kann hunn.”

Säin Diplom als Spezialist fir plastesch an ästheetesch Chirurgie hätt hien an Däitschland kritt, mee am Reglement grand-ducal ass ebe just d’plastesch Chirurgie ernimmt.

“All déi aner Länner ëm eis ronderëm hunn de 'Facharzt' awer och op den Esthétique erweidert, soudatt een als Chirurg an all den anere Länner, bis op Lëtzebuerg, geschützt ass.”

E Problem vun der Kommunikatioun?

Fir den Dr. Heck wier et kengem Dokter verbueden op doctena.lu unzeginn, datt hie Médecine esthétique mécht. De Collège géif just verlaangen, datt e Medezinner fir d’éischt déi Spezialitéit ugëtt, fir déi hien och eng Autorisation d’exercer huet.

“Dat heescht, wat net geet, dat ass, datt en Dokter do (just) schreift 'Médecine esthétique', wärend hien eng Autorisation d’exercer als Generalist huet, an hie schreift dat net dohin. Well all Patient muss wëssen, mat wéi engem Dokter hien ze dinn huet, a wéi enger Fachrichtung deen dann och Spezialist ass.”

Wann een zousätzlech Diplomer huet, déi unerkannt sinn, da kann dat och op der Plattform stoen, mee ënnendrënner, betount de Sekretär vum Collège médical.

Den Dr. Hellers huet sech um Enn dru gestouss, datt de Collège médical am Bréif “sous réserve d'éventuelles actions plus coercitives” geschriwwen huet.

No engem eegene Bréif un de Collège médical waart de Spezialist fir plastesch Chirurgie elo op deem seng Äntwert. Eis sot den Dr. Heck, datt d’Kommunikatioun vun engem Dokter richteg misst sinn. Op Grond vun den Handlungen oder net vun de Schéinheetsmedezinner wieren dann déi weider Schrëtt ze kucken, esou de Sekretär vum Collège médical.

Lauschterenplay_arrow