Wann déi néideg Computerprogrammer fir dëse System beim Dokter installéiert sinn, da kann de Patient dovu profitéieren, huet de Claude Haagen haut widderholl. Wéi grouss den Interesse bei den Doktere fir de System ass, konnt de Minister vun der sozialer Sécherheet awer net soen.
Um Niveau vum Ministère vun der Sécurité Sociale wieren all d'Aarbechte mat der Agence E-Santé, den Administratiounen an Institutiounen ofgeschloss, erkläert de Claude Haagen.
"Dat heescht de PID kann installéiert ginn. Mir fänke fir d’éischt bei de médecins généralistes, Zänndokteren un, wou d’Installatioun ka gemaach ginn. De Courrier wäert dës Woch nach eraus goe fir d’Informatioun un déi concernéiert Dokteren ze maachen. An da kann de PID installéiert ginn."
De System vum "paiement immédiat direct" soll net zu enger digitaler Ausgrenzung féieren, huet den LSAP-Politiker ënnerstrach. Déi aktuell Servicer fir de Remboursement bleiwe bestoen.
Den neie President vun der Agence eSanté Marc Hostert hofft, datt den Interessi bei den Doktere fir den neie System an d’Luucht geet, an et ee Succès wäert ginn. Hien huet un d’Primm vu 625 Euro erënnert, fir d’Entreprise, déi d’Software bei den Dokteren installéiert.