Radioen

On air

Spektrum  |  The O'Jays - Darlin’ Darlin’ Baby

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Choix bei der Alphabetiséierungssprooch: Pilotprojet zitt een éischte positive Bilan

"Zesumme wuessen!"

Choix bei der Alphabetiséierungssprooch: Pilotprojet zitt een éischte positive Bilan

D’Wiel vun der Alphabetiséierungssprooch - ob Däitsch oder Franséisch - ass Haaptbestanddeel vum Pilotprojet "Zesumme wuessen!". Elo läit déi éischt wëssenschaftlech Bewäertung vum Pilotprojet vir. D’Reaktiounen dorop si generell positiv.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Schoulklass | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

D’Wiel vun der Alphabetiséierungssprooch kéint potentiell dozou bäidroen, Bildungsongläichheeten direkt um Ufank vun der Schoulkarriär ze behiewen. Dat ass eng zentral Conclusioun vun der éischter wëssenschaftlecher Analys vum Pilotprojet “Zesumme wuessen!”, eng Analys vum “Luxembourg Centre for Educational Testing” (LUCET) vun der Uni Lëtzebuerg.

Zënter der virleschter Rentrée kënnen Eltere vu Schüler aus véier Grondschoulen am Kader vun dësem Pilotprojet wielen, ob hir Kanner op Däitsch oder op Franséisch liesen a schreiwe léieren. 

Den éischten Tëschebilan zu dësem Pilotprojet a Schoulen zu Diddeleng, Schëffleng, Uewerkuer an an der Fiels gouf ee Freideg a Form vun engem Dokument vun 80 Säite verëffentlecht.

D’Resultater wiere just eng éischt Aschätzung, ënnersträichen d’Auteuren: De Bilan wier positiv, mee net final, seet d’Directrice vum LUCET, Sonja Ugen.

"Mir hu lo Kanner getest aus dem Cycle 2.1 am Ufank vum Schouljoer, also am November, dat heescht si waren nach net laang an hirem Cycle 2.1, wou si alphabetiséiert ginn. Mee wann ech d’Resultater esou insgesamt kucken, et ass eng positiv Tendenz do, datt déi Schüler aus de Gruppen, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn (...), datt déi an der Alphabetiséierungssprooch eng besser Basis weisen, wéi déi Kanner aus hirem Referenzgrupp."

Beim éischten Tëschebilan zum Pilotprojet gouf och Positives iwwert d’Eltere vun deene Schüler erausfonnt, déi op Franséisch liesen a schreiwe léieren.

"Och d’Elteren hunn eis zeréck gemellt, datt si sech méi à l’aise spiere fir d’Schüler ze ënnerstëtze bei schouleschen Aktivitéiten."

Fir de Moment wier et passend, seet de Joël Mischaux iwwert den Alphabetiséierungs-Pilotprojet. Hien ass Direkter vum Enseignement fondamental zu Diddeleng a President vum Collège vun den Direkteren.

"D’Resultater entspriechen deem, wat mir och constatéieren an de Schoulen. Also de Feedback vun den Elteren ass méi wéi positiv, dee vun den Enseignanten. A mir gesinn d’Kanner och vill méi participativ. Et entsprécht deem, wat mir gesinn."

Gréisser Problemer beim Projet “Zesumme wuessen!” fir d’Wiel vun der Alphabetiséierungssprooch hätt ee bis elo net festgestallt, ënnersträicht de Joël Mischaux.

"Mir enregistréiere manner Saachen, déi klemmen. Wierklech net. An deene véier Schoulen net. Mee mir sinn am gaangen eis esou opzestellen, datt all déi aner Direktiounen, all déi aner Schoulen, Gemengen, déi villäicht – wann d’Regierung esou decidéiert – iergendwann am selwechte Boot wäerte sëtzen, datt ganz vill organisatoresch, infrastrukturell Froe scho beäntwert sinn."

Vun der Rentrée 2027 u sollen all d’Schüler am Land kënne wielen, ob si op Däitsch oder op Franséisch liesen a schreiwe léieren. Dat hat de Minister Claude Meisch viru bal engem Joer am Juli 2023 ugekënnegt, also e puer Méint virun de Chamberwalen.

Dobäi soll et bleiwen, esou elo d’Cheffin vun der Direction de l’enseignement fondamental am Educatiounsministère, Francine Vanolst.

"Dat ass op jidde Fall elo de Plang. Dat heescht mir verfollegen natierlech déi Evaluatioun iwwert all déi Zäit. Hei war elo eng virsiichteg Ausso, da gëtt dat vu Joer zu Joer méi konkret, bis datt dann eng Final Decisioun geholl gëtt."

Fir de Moment gesäit den Educatiounsministère sech duerch déi éischt Analys confirméiert.

"Mir gesinn, datt d’Kanner gutt ofschneiden, an datt si sech wuel spieren. An datt och de Projet vun den Eltere gedroe gëtt, datt si ënnersträichen, datt si hire Kanner besser hëllefe kënnen. (...) All Partner sinn am Fong ganz zefridden, stinn hannert dem Projet, a mir si ganz frou doriwwer."

Lauschterenplay_arrow