Hie wier schwéier blesséiert an d‘Spidol bruecht ginn a wier do gestuerwen. An Enquête-Kreesser géif vun enger geziilter Attack rieds goen. De presuméierten Täter wier op der Flucht, esou d‘New York Times. No him géif gesicht ginn. D‘Police vun New York huet fir den Ament just Schëss confirméiert.
UnitedHealthcare sollt haut am betraffenen Hotel eng Konferenz fir Investoren ofhalen. Déi wier awer fréizäiteg ofgebrach ginn, esou Medien.
De Betrib ass ee vun de gréisste Gesondheets-Versécherungskonzerner an den USA. E mécht all Joer een Ëmsaz vun iwwer 370 Milliarden US-Dollar a beschäftegt ronn 440.000 Salariéeën.