Am Fall wou hie géif gewielt ginn, géif hien säin Amt als Conseilspresident ofginn, an da kéint iwwert seng Nofolleg entscheet ginn. Kritiker haten dem Belsch doropshi virgehäit, perséinlech Interessen ze prioriséieren. Dat well Ungarn schonn am Juli turnusméisseg d‘Presidence am Conseil iwwerhëlt.
Et wier also just e knappe Mount Zäit gewiescht, fir e Successeur ze fannen. Wann dat net de Fall gewiescht wier, dann hätt den europakriteschen ungaresche Regierungschef Victor Orban de Presidenteposten an enger éischter Phas iwwerholl.
De Charles Michel wëllt säi Mandat dann elo awer fäerdeg maachen, dat leeft bis den 30. November. A senger Annonce gëscht op Facebook huet hien awer kritiséiert, datt perséinlech Attacken ëmmer méi sachlech Argumenter géifen iwwerlageren.