Wéinst méiglechen Interessekonflikter haten déi béid aner CSV-Deputéierte Laurent Zeimet a Stéphanie Weydert sech als Presidenten an als Memberen aus der Spezialkommissioun zeréck gezunn.
Wéi een CSV-Deputéierten d’Stéphanie Weydert als Kommissiounsmember ersetzt, wier nach net decidéiert, esou de Charel Weiler.
Nom Austausch de Mëtteg mat de Vertrieder vun der Berodungs-Entreprise “PwC Luxembourg” huet d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding gesot, et hätt ee confirméiert kritt, datt et ni ee Plang ginn hätt fir d’Caritas ze retten.
Fir oppe Froen an der Caritas-Bedruchsaffär ze klären, hat d’Chamber am Oktober op Initiativ vun der LSAP d’Asetze vun enger Spezialkommissioun decidéiert.
De leschte Summer war bekannt ginn, datt bei der kathoulescher ONG Caritas iwwer 60 Milliounen Euro detournéiert gi waren.