Radioen

On air

Tockcity  |  The Darkness - Rock and Roll Party Cowboy

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Chancen a Risike vu Kënschtlecher Intelligenz an der Medezin

Gesondheet

Chancen a Risike vu Kënschtlecher Intelligenz an der Medezin

Kënschtlech Intelligenz ass mëttlerweil ëmmer méi present an eisem Liewen. An och an der Medezin gëtt ëmmer méi un a mat Kënschtlecher Intelligenz gefuerscht. Ee Beispill dofir ass alles wat Rëntgen, Scanner oder IRMen ugeet - do gëtt am Ausland scho mat KI geschafft fir méi séier Diagnose kënnen ze stellen. Mee wéi gesäit et hei zu Lëtzebuerg aus a wéi eng Gefore kann de Gebrauch vu KI mat sech bréngen?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

KI an der Medezin | © Adobe Stock / metamorworks play_arrow
KI an der Medezin (Foto: Adobe Stock / metamorworks)

Lauschterenplay_arrow

Virop ka KI an der Onkologie hëllefe spezifesch Biomarkeren oder Tumeuren an der Bildung ze fannen an esou eng Kriibserkrankung méi effizient a méi séier festzestellen. Déi däitsch Fachzäitschrëft Ärzteblatt hat dozou esouguer rezent en Artikel zu engem Projet, an deem eng Kënschtlech Intelligenz mat 86 Prozent Genauegkeet Tumeuren un den Eeërstäck konnt diagnostizéieren - am Verglach louch d'Prezisioun vun den Expertinnen an Experte bei 82 Prozent.

Kënschtlech Intelligenz kann nieft der Bildgebung awer och nach bei enger Rei anere Saachen agesat ginn, seet de Guy Fagherazzi. Ënner anerem als psychologesch Ënnerstëtzung oder awer och an der Medikamentefuerschung.

Nei KI-Projeten an Zesummenaarbecht mat Dokteren

Zu Lëtzebuerg géifen et och schonn éischt Projete gi fir Kënschtlech Intelligenz an der Medezin ze benotzen. Zum Beispill steet am Plan national Cancer dran, datt een Outil soll developpéiert ginn, fir Mammografien ze liesen - esou kéint Broschtkriibs méi séier a méi effektiv erkannt ginn. Dat ass awer bis ewell nach just e Projet. Den Ament beschränkt et sech zu Lëtzebuerg op d'Recherche - awer mam But déi Erkenntnisser an Toolen an der Zukunft och am klineschen Alldag kënnen ze benotzen an esou de Patientinnen a Patiente besser ze hëllefen. Dofir géif de Recherche-Institut OLIH an Zesummenaarbecht mat Doktere Projeten entwéckelen, an deenen déi nei Outile getest ginn.

Et kléngt wéi wa Kënschtlech Intelligenz quasi e Wonnermëttel kéint sinn. Mee nieft de ville Virdeeler ka si och Gefore mat sech bréngen. Eng KI wier ëmmer nëmmen esou gutt, wéi si trainéiert gëtt, erkläert de Guy Fagherazzi.

"Ça veut dire par exemple que si on entraîne un algorithme d'intelligence artificielle que sur des hommes blancs de 40 à 60 ans, un algorithme ne marchera jamais sur des femmes de 30 ans d'origine autre par exemple."

Paternalismus am Medezinssystem net an d'KI iwwerdroen

An der Medezin war an ass de wäisse Mann ëmmer nach d'Norm, déi op alleguer d'Patientinnen a Patienten ugewannt gëtt - egal ob männlech oder weiblech. Dobäi ass mëttlerweil bewisen, datt de weibleche Kierper anescht funktionéiert wéi de männlechen. Zum Beispill sinn d'Symptomer vun engem Häerzinfarkt bei Fraen anescht wéi bei de Männer. Et géif also de Risiko bestoen, datt déi och op en Algorithmus vun enger Kënschtlecher Intelligenz iwwerdroe ginn.

"On appelle ça souvent notamment le paternalisme du système de santé, où on a tendance à sous-estimer certaines pathologies chez les femmes alors qu'elles sont très fréquentes ou alors que les facteurs de risque sont différents."

Wann de Sujet vu Kënschtlecher Intelligenz am Beruffsliewen opkënnt, kënnt praktesch och ëmmer d'Fro, ob déi Beruffer iergendwann vun der KI kéinten ersat ginn. De Guy Fagherazzi seet am medezinesche Kontext ganz kloer Nee. Doktere géifen net vu KI ersat ginn, mee Dokteren, déi keng KI notzen, géifen duerch Dokteren ersat ginn, déi KI notzen.

Den LIH fuerscht zënter 2021 dorunner eng KI ze entwéckelen, déi verschidde Pathologien un Hand vun der Stëmm kann erkennen. Fir der Fuerschung ze hëllefen, kann ee seng Stëmm online spenden. Den Interview mam Guy Fagherazzi vum Luxembourg Institute of Health.

Lauschterenplay_arrow

Lauschterenplay_arrow