Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Eyeliner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberdeputéiert weise sech entsat iwwer d'Praxis vun HYGIE Imagerie

No Chamberkommissioun

Chamberdeputéiert weise sech entsat iwwer d'Praxis vun HYGIE Imagerie

“Irregulär Situatioun; Schlamassel; Fait accompli”: Sou gouf de Moien no enger Reunioun vun der Chamberkommissioun vun der Santé dorop reagéiert, datt HYGIE Imagerie zënter zejoert zu Esch ënner anerem Mammographien ubitt, mat héije Supplementen, déi net zréckbezuelt ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Michael Hanschke

Sou Apparater sollen u sech just vu Spideeler bedriwwe ginn, oder vu Praxissen, déi eng Konventioun mat engem Spidol hunn, wat hei net de Fall ass. Wuel war eng Konventioun mam CHEM am Gespréich, mee de Centre hospitalier Emile Mayrisch waart nach op Äntwerten zu eegene Froen. D’Gesondheetsministesch wëll HYGIE elo an den nächsten zwou, dräi Woche gesinn.

Dat nodeems HYGIE eng Entrevue ugefrot hätt, sou d’Martine Deprez. D’Regierung géif kucken, wéi se aus dem aktuelle Schlamassel erauskënnt, well genee dat wier et. D’Ministesch war net frou doriwwer, datt déi Supplemente verrechent ginn, well de Bedreiwer soss den eegenen Aussoen no net rentabel wier. De Moien huet d’CSV-Politikerin de Bléck no vir geriicht.

„Mir hoffen, kënnen an Zukunft e bësse méi opzemaachen, mat kloere Kritären, an da weess jiddereen, u wat e sech muss halen.”

Paulette Lenert: Analyséieren, ob Sanktioune verhaange ginn

Och hir Virgängerin huet fonnt, datt an dësem Dossier Fakte geschaf gi wieren. An och d’Paulette Lenert gesäit virun allem de Problem vun den Tariffer.

„Hei gëtt kloer illustréiert, dass an engem Rentabilitéitsgedanken zousätzlech Suen agefuerdert gi vun de Leit, déi net réckerstattet ginn. Dat ass eppes, wat an eisen Aen net ka sinn an eisem Land, wou mer wäerten dogéint halen.”

An den Ae vun der LSAP-Deputéiert wier ze kucken, ob Sanktioune verhaange ginn oder net. Dat neit Gesetz géif allzäit relativ héich Strofe virgesinn. Een Zil vun deem Gesetz wier et iwwregens gewiescht, fir d’Waardezäiten ze reduzéieren; d’Ministesch Martine Deprez hätt de Moien an deem Kontext gesot, datt dat schonn de Fall wier.

"Irregulär Situatioun", datt HYGIE net un ee Spidol gebonne wier

De Gérard Schockmel dann huet vun enger irregulärer Situatioun geschwat, well HYGIE net a Form vun enger Antenn un e Spidol ugebonne wier. Den DP-Deputéierten begréisst, datt och spidolsonofhängeg Strukture wéi Dokteschgesellschafte solle geschafe ginn. Egal wéi misst een eng demografesch, geografesch an och vum Verkéier hir Strukture géife Sënn maachen. Et misste Qualitéitskrittären definéiert ginn, wéi ee Volume ee brauch, wéi eng Waardezäiten akzeptabel sinn.

Projet Gebuertshaus: Martine Deprez wëllt nach eng Kéier mat bedeelegten Acteure schwätzen

E weidere Sujet an där Kommissiounssëtzung waren zwou Motioune vu virzejoert am Zesummenhank mat engem sougenannte Gebuertshaus. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez sot heizou no der Reunioun, datt een den Avis vum Conseil scientifique misst ofwaarden. „Deen ass gefrot ginn, vun der viregter Regierung, an dee misst ënnerwee sinn.“

Nodeems een den Avis dann hätt a mat all den Acteure geschwat hätt, géif een d‘Regierung dann ee Gesetzestext proposéieren.

D'Martine Deprezplay_arrow

„Well ech verloosse mech net op déi Gespréicher, déi waren: Ech géif dat selwer gär an d’Hand huelen.”


Lauschterenplay_arrow