arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chamberdebatt: Oppositioun fuerdert Energiedësch, Regierung dogéint

National

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Chamberdebatt: Oppositioun fuerdert Energiedësch, Regierung dogéint

Mam Konflikt am Noen Oste sinn d’Sprittpräisser drastesch an d’Luucht gaangen. Wéi de Staat soll op déi Situatioun reagéieren, doriwwer gouf et an der Chamber gëschter eng kontrovers Diskussioun.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

Lëtzebuerg wier nach ze vill ofhängeg vun de fossillen Energien, esouwuel bei den Heizungssystemer, ewéi och an der Mobilitéit. Dat war ee Constat um Dënschdeg wärend enger Aktualitéitsstonn an der Chamber, déi vun déi Lénk gefrot gi war. 

déi gréng: Mesurë misste scho präventiv preparéiert ginn

Et misst ee präventiv handelen, well net gewosst wier, wéi eng Entwécklung et bei de Spritpräisser wäert ginn, betount déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring.

“Falls d'Energiepräisser awer méi laang Zäit héich bleiwen oder nach weider klammen, muss kënne séier reagéiert ginn. An dofir mussen d'Mesuren an déi néideg Texter elo preparéiert ginn. Zum Beispill mat engem Energiesteierkreditt fir déi Leit mat niddregem a mëttlerem Revenu.”

LSAP fuerderen en Energiedësch oder eng Tripartite

A fir den LSAP-Deputéierte Georges Engel wier et néideg, de Stéit ze hëllefen.

“Well d'Situatioun prekär ass, soe mir, rufft elo d'Sozialpartner zesummen, ier et ze spéit ass. Den Energiedësch brauche mir elo direkt.”

Deemno wier eng Tripartite néideg, ënnersträicht de Georges Engel.

CSV gesäit kee Besoin fir en Energiedësch

Eng Meenung, déi den CSV-Deputéierte Jeff Boonen awer net deelt.

“Et steet jo kloer do, datt zwou Indextranchë missten a kuerzer Zäit erfalen. An déi Inflatioun hu mir aktuell nach net. Duerfir si mir der Meenung, datt et nach net esou wäit ass.”

déi Lénk: Manner Ofhängegkeet vu Pëtrol a méi sozial Energietransitioun

Fir der energeetescher Ofhängegkeet ze entgoen, misst de Staat d’Energietransitioun beschleunegen, huet den David Wagner vun déi Lénk erkläert.

“Wat mir bräichten, wieren ëffentlech Car-Sharing-Systemer, déi de Kaf vum individuellen Auto iwwerflësseg maachen, esou wäit wéi méiglech, grouss Renovatiounscampagne mat ëffentlecher Virfinanzéierung amplaz enger Klimabank mat quasi Nullimpakt, kommunal Offensive fir Fernwärmenetzer amplaz drop ze waarden, datt all Stot eng eege Wärmepompel installéiert.”

Lex Delles: Regierung géif schonn eng Rei Moossnamen ëmsetzen

Ebe grad géif d’Regierung dat och maachen, huet d’DP-Deputéiert Carole Hartmann erënnert.

“Fir bei der Energieversuergung méi resilient ze ginn, setze mir op dësen Ausbau mat der Wandkraaft, mat der Elektromobilitéit an awer och mat der Photovoltaik. Och de Prefinanzement vun de PV-Anlagen an de Batterië soll d'Prozedure vereinfachen.”

Och den DP-Minister Lex Delles huet drop higewisen, datt d’Regierung eng Rëtsch u Moossname getraff huet, fir de mannerbemëttelte Stéit ze hëllefen.

play_arrow Lauschteren