arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OKAJU: Inklusioun an de Schoule geet net wäit genuch

National

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

OKAJU: Inklusioun an de Schoule geet net wäit genuch

Den OKAJU huet op den nationalen Aktiounsplang fir déi schoulesch Inklusioun vum Educatiounsminister Claude Meisch reagéiert a seng Recommandatiounen dozou presentéiert. Allgemeng géif den OKAJU d’Mesuren aus deem Plang begréissen. Et géifen awer nach vill Erausfuerderunge ginn. 

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© Bigstock / Wavebreak Media
(Foto: Bigstock / Wavebreak Media)

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher fuerdert méi transparent Donnéeën zu Kanner mat spezifesche Besoinen. Weider géif et ënner anerem ee Manktem un Zesummenaarbecht tëschent dem Educatiouns- a Familljeministère ginn.

Eng Nout an eng Beanträchtegung sinn net dat selwecht

Hei fuerdert den OKAJU ee Guichet unique. Virun allem awer warnt den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher virun engem Vermësche vum Plan d’action vu Kanner mat enger Beanträchtegung a Kanner, déi an enger Situation de détresse sinn, esou d’Helen Portal, Juristin beim OKAJU.

“Et le fait de mettre violence, handicap, détresse, gestion de crises dans le même cadre, ça a pour conséquence de stigmatiser les enfants en situation de handicap, parce que ce n'est pas la vision de l'inclusion qu'on aimerait avoir. Mais aussi, ça n'apporte pas forcément des solutions adaptées aux enfants qui sont en situation de détresse.”

Dowéinst wier et néideg, béid Beräicher net mateneen ze verwiesselen. Och wa béid Beräicher matenee verbonne wieren an och eng Kris heiansdo mat enger Behënnerung zesumme géif hänken, bräicht béides awer ënnerschiddlech Betreiungen a Formatiounen, esou nach D’Helen Portal.

Den OKAJU plangt elo véier Tables-rondë mat den Acteure vum Terrain, fir iwwer d’Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen ze consultéieren.

play_arrow Lauschteren