Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chamber nees vollstänneg, Claude Wiseler ass Chamberspresident

Chamber

Chamber nees vollstänneg, Claude Wiseler ass Chamberspresident

Zanter gëschter ass d’Chamber nees mat 60 Deputéierte komplett a funktionell. 21 Deputéiert goufe gëschter vereedegt. Mat der kompletter Chamber konnt dann och de Chambersbüro gewielt ginn. Unanime ass de Claude Wiseler an der Roll vum Chamberspresident ugeholl ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ugefaangen huet den neie Chamberspresident mat enger Rei Mercien. Ee grousse Merci ass un de Fernand Etgen gaangen, deen déi lescht Legislaturperiod d’Funktioun vum Chamberspresident ausgeüübt huet. De Fernand Etgen, deen elo Vizepresident vun der Chamber ass, hätt d’Chamber méi transparent gemaach a mat Dignitéit no bausse gedroen, betount de Claude Wiseler.

Seng nächst Wieder huet de Claude Wiseler un d’Oppositiounsbänk geriicht, an drun erënnert, datt och hie scho Wale verluer hätt. 

"Souguer ee verluer wou ech an der éischter Rei stoung. An ech weess, wéi ee sech ka fillen. Et ass komplizéiert, fir et mol sou auszedrécken, an et deet wéi. Mee et vergeet mat der Zäit, och wann een et net vergësst."

Erausfuerderunge vun neie Medien

Et wier seng Roll, dofir ze suergen, dass d’Oppositioun an der Chamber déi Plaz kritt, déi hir zousteet, esou nach de Claude Wiseler. 

"Eng Chamber funktionéiert anescht wa just Radioen a Printmedie Berichterstattung maachen, wéi wann et sozial Medien a Live-Iwwerdroungen, déi ongefiltert d’Immediat vun Evenementer onkommentéiert an onkomplizéiert präisginn. Doru musse mer eis upassen. Méi schnell, méi transparent ginn engersäits."

Vill Debaten stinn un

Et dierft een awer net just e Kommunikatiounsbetrib sinn, esou nach de Claude Wiseler, et wier d’Aarbecht vun der Chamber fir den Inhalt auszeschaffen, mat all den Nuancen, den Detailer an och der Technik. 

Et géife vill Debaten ustoen, seet den neie Chamberspresident, ënnert anerem iwwert den Ëmgang mat europäeschen Direktiven.

"Dofir sinn ech frou, dass eng Sous-Kommissioun iwwert d’europäesch Dossiere gegrënnt ginn ass. En éischte Schrëtt."

"Deputéierte si verlaangt Asaz"

An awer och iwwert de Statut vun engem Deputéierten.

"Dofir sinn ech der Meenung, datt Deputéierte keen Hallefdaags ass. Deputéierte si verlaangt Asaz an Aarbecht. Dofir plädéieren ech, datt mer gemeinsam de Statut vum Deputéierten iwwerschaffen."

Domat konnt dann och de Chamberbüro gewielt ginn. De Claude Wiseler vun der CSV gouf als eenzege Kandidat unanime als neie Chamberspresident gewielt.

Lauschterenplay_arrow