D’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt huet dobäi méi konkret Moossname gefuerdert.
Ënner anerem soll sech Lëtzebuerg op EU-Niveau méi staark fir een harmoniséierten a méi niddrege Grenzwäert asetzen. Virun allem an der Industrie misst méi systematesch erfaasst ginn, wou a wéi PFAS benotzt gëtt. Iwwerdeems huet d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt fir ee spezielle Fong fir d’Dépollutioun plädéiert, ganz nom Pollueur-Payeur-Prinzip.
"D'Mëttel, déi an dësem Fong sinn, sollen exklusiv fir d'Erausfuerderungen, déi duerch d'Notzung vu PFAS entstinn, genotzt ginn. Dozou zielen ech d'Preventioun, d'Iwwerwaachung, d'Gestioun vun de Risiken an d'Depollutioun vun duerch PFAS kontaminéierte Plazen."
Gespeist soll dëse Fong duerch eng spezifesch Tax ginn, déi vun deene soll bezuelt ginn, déi PFAS-halteg Produiten importéieren, esou nach d'Claire Delcourt. Iwwerdeems solle Suen an dee Fong fléissen, déi duerch Amenden a Sanktiounen an deem Kader generéiert ginn, sot d'LSAP-Deputéiert nach.
Gros vun der Oppositioun op der LSAP hirer Säit
Och d'Deputéiert vun déi gréng, déi Lénk, a vun de Piraten hu sech kloer dofir ausgeschwat, datt net d'Allgemengheet mee d'Verursaacher fir d'Dépollutioun vu PFAS opkomme mussen.
Weider huet sech d'Claire Delcourt fir ee Verbuet vu PFAS a Kosmetik-Produiten an an Textilien ausgeschwat, änlech wéi et dat ënner anerem schonn a Frankräich gëtt. Mee dofir wier eng méi couragéiert Ëmweltpolitik néideg, esou nach d’LSAP-Deputéiert.
Serge Wilmes: "Rapport ass just en éischte Schrëtt"
Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes huet doropshin, wéi och schonn d’lescht Woch an der zoustänneger Kommissioun, betount, datt dëse Rapport nëmmen een éischte Schrëtt gewiescht wier an de PFAS-Aarbechtsgrupp elo misst formaliséiert ginn. D’Prioritéit géif den Ament beim Schutz vum Drénkwaasser leien.
"Mir si souwisou amgaangen dat transversaalt Reglement, wat d'Drénkwaasserschutzzonen determinéiert, och d'Konditiounen do festhält, well de Schutz se do ëmsetzt, deen ze iwwerschaffen, och am Gespréich mat deene concernéierten Acteuren."
Ee vun den Haaptacteueren wier do d'Landwirtschaft, esou de Minister.
Op europäeschem Niveau géif Lëtzebuerg sech dofir asetzen, datt et gemeinsam Grenzwäerter an eng méi strikt Regulatioun vu PFAS gëtt, huet de Serge Wilmes nach betount.