An engem 12 Säitege Bréif, dee si, wou d’Sëtzung schonn amgaange war, un d’Chamber an un d’Press geschéckt huet, erkläert si, et géif ënnert anerem dru leien, datt den Debat an der Chamber net fair wier, well si sech eleng géint 30 hätt misse verdeedegen.
D’Francine Closener, d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun, sot op eis Nofro hin, si géif et schued fannen. D’Chamber hätt d’Petitioun seriö geholl an och en Avis zum Thema ausschaffe gelooss fir den ëffentlechen Debat. D'Membere vun der Petitiounskommissioun wäerte sech muer mam Virfall beschäftegen. Si geet dovun aus, datt d'Theema elo vun Dësch wier, sou d'LSAP-Deputéiert.
Claude Wiseler: System vun de Petitiounsdebaten eventuell upassen
Och de Chamberspresident Claude Wiseler mengt, datt et ëm d’Petitioun “Fir datt Lëtzebuerg aus der WHO rausgeet” elo gedoe wier. Déi Decisioun géif awer elo bei der zoustänneger Kommissioun leien. Um Prinzip vun de Petitioune misst een onbedéngt festhalen, esou de Claude Wiseler.
"Mir hate jo och schonn eng ganz Rei Petitiounen, déi a gudde Konditioune konnten oflafen, wou och flott a lieweg Diskussioune waren, wou och d’Méiglechkeet haten, datt Leit, déi eppes um Häerz haten, dat hei der Politik virzestellen..."
Petitioune wieren "nach wie vor" e wichtegt Instrument, wat ee sollt bäibehalen an elo misst ee kucken, ob een am Virfeld Verifikatioune mécht, sou de Claude Wiseler.
Dat géif awer um Prinzip näischt änneren, datt d'Petitiounsrecht e wichtegt Recht hei zu Lëtzebuerg ass, betount de Claude Wiseler.