Radioen

On air

Euranet Plus Podcast  |  

play_arrow Live
search

/ Caritas Jeunes et familles: OGBL schwätzt vun Ugrëff op Personalvertriedung

Suspendéiert a lescht Verwarnung

Caritas Jeunes et familles: OGBL schwätzt vun Ugrëff op Personalvertriedung

Den OGBL kritiséiert eng Attack op gewielte Personalvertrieder bei "Caritas Jeunes et Familles". D’Vize-Presidentin vun der Personaldelegatioun wier mat direkter Wierkung suspendéiert ginn. De de President vun der Delegatioun wier mat enger schrëftlecher leschter Verwarnung vun 20 Säite bedreet ginn, kritiséiert d’Gewerkschaft. Dat ouni Bereetschaft vun der Direktioun fir ee klärend Gespéich.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Dat wier inacceptabel, et wier eng Attack op de Lëtzebuerger Sozialmodell, esou de Syndikat Gesondheet a Sozialwiese vum OGBL. Dee schwätzt vu personalfeindleche Methoden a vun engem Versuch, d‘Personaldelegatioun anzeschüchteren, fir datt si roueg bleiwen. 

OGBL fuerdert, datt d'Decisioun zeréckgezu gëtt

Den OGBL fuerdert, datt de Verwaltungsrot sech senge Responsabilitéiten unhëlt an déi Decisioun zeréckzitt, seet de Smail Suljic vum OGBL.

"Mir hunn do Delegaten, déi sech net méi trauen, sech auszedrécken, obwuel dat hir Aarbecht ass. Sech ausdrécke fir hir Aarbechtskolleegen. An d'Gesetz gëtt hinnen déi Fräiheet an et gëtt hinnen och eng gewësse Fräiheet net mussen ze fäerten direkt erausgeheizt ze ginn, wann se eppes soen."

Lauschterenplay_arrow

Dat Gesetz wier ignoréiert ginn, betount de Smail Suljic.

Caritas Jeunes et familles war net vum Skandal bei der Caritas betraff. Fir den OGBL géif et sech awer net ëm een Zoufall handelen, well et Iwwerschneidunge an de Verwaltungsréit vu Caritas jeunes et familles an der Caritas-Grupp ginn. 

Bei “Caritas Jeunes et Familles” schaffen dem Smail Suljic no eng 750 Leit.