Radioen

On air

Notturno  |  Decisive Pink - Ode To Boy

play_arrow Live
search

/ Caritas-Finanzskandal: Och d'EZB analyséiert d'Verhale vun de Lëtzebuerger Banken

Zesumme mat der CSSF

Caritas-Finanzskandal: Och d'EZB analyséiert d'Verhale vun de Lëtzebuerger Banken

D'Verhale vun de Lëtzebuerger Banken an der Caritas-Affär gëtt an enker Koordinatioun tëscht der CSSF an der Europäescher Zentralbank analyséiert. Dat präziséiert d'Finanziwwerwaachungsautoritéit CSSF op Nofro hin. Bis elo war just gewosst, datt d'CSSF sech mat enger Analys saiséiert hätt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi Europäesch Zentralbank kënnt an d'Spill, well déi zwou concernéiert Lëtzebuerger Banke systemesch Banke sinn, déi ënnert eng europäesch Supervisioun falen. D'CSSF preziséiert, datt si zoustänneg wier fir d'Aspekter aus dem Blanchimentsgesetz. An d'EZB wier zoustänneg fir aner Elementer, wéi zum Beispill Kreditlinnen.

Vun den 61 Milliounen Euro, déi bei der Caritas verontreit goufen, kommen eisen Informatiounen no 10 Milliounen aus enger Kreditlinn, déi d'Spuerkeess der ONG accordéiert huet, an 23 Milliounen Euro aus enger Kreditlinn vun der BGL. 
 
D'CSSF an d'EZB analyséieren, ob d'Banke sech beim Accordéiere vun deene Kreditlinnen un d'Prozedure gehalen hunn. Dobäi kënnen Agente vun der CSSF a vun der EZB an den Asaz kommen, déi fir de sougenannten europäesche Single Supervisory Mechanism schaffen. 
 
Wéini mat de Resultater vun der Analys ze rechnen ass, ass eis net bekannt.

Wat ass bis elo gewosst?

Tëscht Februar a Juli dëst Joer huet d'Finanzdirektesch vun der Caritas mat Persounen aus dem Finanzdepartement  iwwer 120 Virementen an Tranchë vu ronn 500.000 Euro op déi spuenesch Bank BBVA gemaach. Et ass unzehuelen, datt de gréissten Deel vun de Suen dono an aner Länner iwwerwise gouf a bis elo net konnt recuperéiert ginn.

D'Finanzdirektesch argumentéiert eisen Informatiounen no, op eng Arnaque au président eragefall ze sinn. Dat heescht, si hätt gegleeft, datt den Optrag vun hirem Generaldirekter koum. A Wierklechkeet wieren et awer extern Krimineller gewiescht, déi sech just als Generaldirekter ausginn hätten.

Wéi mir dat dës Woch gemellt hunn, ginn et Grënn fir déi Versioun ze hannerfroen. D'Finanzdirektesch ass vum Untersuchungsriichter inculpéiert ginn an d'Enquête leeft weider.

Esou laang wéi et kee rechtskräftegt Urteel vun engem Geriicht gëtt, gëllt d'Présomption d'innocence.

Lauschterenplay_arrow