Radioen

On air

Notturno  |  Earth Flower - Nature's Piano

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Caracas: Weider Protester no der ëmstriddener Walvictoire vum Nicolás Maduro

Latäinamerika

Caracas: Weider Protester no der ëmstriddener Walvictoire vum Nicolás Maduro

Am Venezuela gouf et weider Protester géint déi ëmstridde Presidentewal, bei där den aktuelle President Nicolás Maduro vum Walconseil als Gewënner deklaréiert gouf. D'Oppositioun bleift bei hirer Behaaptung, datt hire Kandidat Edmundo González d'Wal gewonnen hätt.

auto_stories

1 min

Protester zu Caracas | © picture alliance/dpa | Jeampier Arguinzones
Foto: picture alliance/dpa | Jeampier Arguinzones

Dausende Leit waren den Dënschdeg Owend an der Haaptstad Caracas nees op de Stroossen fir d'Oppositioun ze ënnerstëtzen.

Bei de Protester virgëschter haten d'Police Tréinegas a Gummiskugele géint d'Demonstranten agesat. Op d'mannst véier Leit wieren ëm d'Liewe komm a 750 Persoune wiere bis elo verhaft ginn, esou ONGen an d'Spideeler.