Um Enn ass de Vott méi knapps ausgaange wéi erwaart: Mat 329 Jo-Stëmmen zu 275 Nee-Stëmmen huet d’Europaparlament en Dënschdeg de Mëtteg d’Gesetz fir d’Renaturéierung vun der Natur ugeholl. Dat neit Reglement soll dofir suergen, datt bis 2040 iwwert d’’Hallschent vum Land a vun de Gewässer renaturéiert ginn.
Nodeems sech d’Memberlänner, Parlament a Kommissioun am November zejoert am sougenannten “Trilog” iwwer een endgültegen Text eens gi waren, war de Vott am Parlament eigentlech eng Formalitéit.
Manfred Weber: “De Gesetzestext ass nach ëmmer schlecht”
“Mir hu gëscht an der Fraktiounssëtzung decidéiert, géint dat Gesetz ze stëmmen”, sot awer en Dënschdeg de Moien de Fraktiounschef Manfred Weber. De Gesetzestext wier nach ëmmer schlecht. Op d’Bauere kéimen doduerch zousätzlech bürokratesch Chargen zou.
Dat gesinn d’CSV-Europadeputéiert anescht. D’Isabel Wiseler-Lima an d’Martine Kemp hu fir den Text gestëmmt.
Martine Kemp: “Et gouf a wichtege Punkten nogebessert”
E wier a wichtege Punkte positiv nogebessert ginn, sou d’Martine Kemp op eis Nofro.
D’Sécurité alimentaire wier elo Deel vum Reglement an et wier eng Noutbrems integréiert ginn, déi der Kommissioun d’Méiglechkeet gëtt, d’Reegelen an aussergewéinleche Situatiounen temporär op Äis ze leeën, sou d’Martine Kemp. Positiv ass fir d’CSV-Politikerin och, datt d’Mesuren elo dem Effort no bewäert ginn, an net dem Resultat no.
Finalen Text war ee Kompromëss
Iwwert dat Gesetz war zejoert vill gestridde ginn am Parlament. Virun allem d’Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei hat sech dogéint gestäipt, a sech dofir ausgeschwat, et misst een dee Projet op Äis leeën. D’Memberlänner hate sech hirersäits hannert d’Direktiv gestallt.
An de Verhandlungen tëscht Memberlänner a Parlament waren eng Partie vun de Kritikpunkte vun der EVP berücksichtegt ginn. D’Fraktioun hat dono d’Resultat gelueft. Ee vun hire Spriecher, den däitschen CDU-Europadeputéierte Peter Liese, hat zum Beispill gesot, d’Haaptbedenke vun de Baueren an anere wieren am finalen Text aus dem Wee geraumt ginn.
Ëmweltschutzorganisatiounen haten déi Verännerungen um initiale Gesetzestext vun der Europäescher Kommissioun kritiséiert.
Kritik un der EVP vun anere Fraktiounen
D’Behuele vun der EVP, een Accord a leschter Minutt awer a Fro ze stellen, gouf en Dënschdeg vu Vertrieder vun de Sozialisten, de Liberalen, deene Gréngen an deene Lénke kritiséiert.
D’Gesetz fir d’Renaturéierung wier een essentielle Pilier vum “Green Deal”, sot d’Cheffin vun de Liberalen, d’Valérie Hayer.
Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz huet begréisst, datt eng knapp Majoritéit vun den EU-Deputéierte Courage gewisen hätt, en vue vun der Bedeitung an den Auswierkunge vum Text. Aktuell wieren 80 Prozent vun der Natur an Europa an engem schlechtem Zoustand. Dat neit Gesetz wier dofir do, deen Trend ze stoppen.
Fir datt d’Gesetz kann a Kraaft triede mussen d’Memberlänner et och nach endgülteg adoptéieren. Och dat awer gëllt eigentlech als Formalitéit.