arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Chambre des Salariés no profitéieren net all Stéit vun der Steierreform

Steieren

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Der Chambre des Salariés no profitéieren net all Stéit vun der Steierreform

D'Salariatskammer begréisst der Regierung hir geplangten Individualiséierung vun der Besteierung vu Privatpersounen. D'CSL kritiséiert an hirem Avis awer, datt déi Steierreform net zu méi Steiergerechtegkeet géif féieren. Hiren Avis zu dësem Projet huet d'Chambre des Salariés gëschter ugeholl.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Suen am Portmonni | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Suen am Portmonni (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

De Minister Gilles Roth hat een Dënschdeg gesot, datt dës Reform wéi bis elo virgesinn am Joer 2028 soll a Kraaft trieden.

CSL begréisst Moderniséierung vum System

Vum Prinzip hier begréisst d’CSL den Text fir d’Moderniséierung vum Besteierungssystem. Den Direkter vun der Salariatskammer Sylvain Hoffmann:

“Et kënnt net méi zu esou komesche Situatiounen, wann et eng Scheedung oder ee Stierffall, datt een dann an enger schwiereger privater Situatioun och nach steierlech gesinn eng op den Deckel ka kréien, eeben duerch dee Barème unique.”

Kritik un der Steiergerechtegkeet

Donieft begréisst d’CSL déi geplangten Entlaaschtung vu Stéit mat niddregen an duerchschnëttleche Léin.

“Et ass awer leider esou de Fall, datt och déi héich Revenue vun der Reform profitéieren. An do hätte mir et u sech léiwer gesinn, datt een effektiv do um Barème eppes gemaach hätt, fir zum Beispill de Spëtzesteiersaz ze héijen.”

Dat wier den Haaptkritikpunkt, datt d’Steierreform net zu méi Steiergerechtegkeet féiert, esou de Sylvain Hoffmann.

“An dann ass et natierlech och esou, datt et effektiv net zu méi enger staarker Besteierung kënnt vu Kapitalerträg, déi jo largement favoriséiert si par Rapport zu de Salairen, an och net zu enger méi staarker Besteierung en général vum Patrimoine.”

Een Drëttel vun de Menagë kéint verléieren

Well d’Reform zum Deel iwwer eng net-Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun soll finanzéiert ginn, kéint een Deel vun de Leit bei der Steierreform verléieren, esou den Direkter vun der CSL.

“An dat ass awer ronn een Drëttel vun de Menagen, déi an deem Sënn Perdant sinn, well si d’Reform mat virfinanzéieren.”

No der Iwwergangsphas vu 25 Joer fir bestueten a gepacste Koppelen, fir nach gemeinsam besteiert ze ginn, misst och gekuckt ginn, ob net Leit dee Moment massiv méi Steiere bezuelen, huet den CSL-Direkter erkläert.

play_arrow Lauschteren