Wéinst dem Krich am Noen Osten ass d‘Inflatioun nämlech och an der Eurozon geklommen. Et ass déi éischt Zënshausse zënter 2023. Dës Decisioun war vun de Mäert erwaart ginn, erkläert d’Presidentin vun der EZB, Christine Lagarde.
„The war in the Middle East is generating inflation pressures.“
Inflatioun bleift héich, Wuesstem gëtt méi schwaach
De Krich am Mëttleren Oste géif d’Inflatioun erop drécken. Am Mee ass se an der Eurozon op 3,2 Prozent geklommen, also wäit iwwert den 2 Prozent, déi d‘EZB ustrieft, fir d‘Präisser stabil ze halen. D‘EZB schätzt, datt d‘Inflatioun och nach eng Zäit laang héich bleiwe wäert – 3 Prozent am Duerchschnëtt dëst Joer, an 2,3 Prozent d‘nächst Joer, fir dann 2028 déi erwënschten 2 Prozent ze erreechen. D’Christine Lagarde huet betount, datt d’Perspektiven onsécher bleiwen.
„The outlook remains uncertain.“
Wéinst dem Krich am Noen Osten, an dem Blockage vum Mieresspassage vun Hormus, bléif de Risiko vun Inflatioun héich, wärend de Wirtschaftswuesstem riskéiert erofzegoen.
„...with upside risks for inflation and downside risks for economic growth.“
Fir dëst Joer rechent d‘EZB fir d‘Eurozon mat nëmmen nach 0.8 Prozent Wirtschaftswuesstem, an d‘nächst Joer 1,2 Prozent.
„This is a downward revision for 26 and 27, reflecting a more pronounced impact of the war.“
Kreditter ginn nees méi deier
Dat wier eng Revisioun no ënnen, wéinst dem Impakt vum Krich
Mat der Zënshausse, déi elo decidéiert gouf, gi Kreditter fir d‘Leit an d‘Entreprise nees méi deier. Dat wäert d‘Demande an de Konsum erofdrécken. An dat soll da bewierken, datt d‘Präisser falen an d‘Inflatioun zeréckgeet.
D’Experten erwaarde sech, datt d’EZB dëst Joer nach eng oder zwou weider Zënshausse wäert decidéieren. D‘Bank selwer leet sech do awer net fest. Et géif een d‘Situatioun am Noen Oste genee suivéieren an deementspriechend Decisiounen huelen, esou nach d‘EZB-Presidentin Christine Lagarde.