arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Resilienzpak en "Invest an de soziale Fridden" - Tanktourismus en "noutwendegt Iwwel"

Finanzminister Gilles Roth

|
reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow

Resilienzpak en "Invest an de soziale Fridden" - Tanktourismus en "noutwendegt Iwwel"

Neie Resilienzpak, onerwaart héich Steierrecetten, ze héich Staatsdepensen, onerwaart Militärausgaben: De Finanzminister Gilles Roth muss aktuell mat villen Zuele jongléieren. Wéi hie probéiert, d'Balance bei all deem ze halen, huet hien am 100,7-Interview erkläert.

reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow
De Gilles Roth | © Jo Diseviscourt
De Gilles Roth (Foto: Jo Diseviscourt)

180 Milliounen Euro dëst Joer, 250 Milliounen nächst Joer: Dat ass de Käschtepunkt vum Resilienzpak, deen op der Tripartite decidéiert gouf. En Total vu 430 Milliounen Euro also.

Resilienzpak huet de Kader vum Minister "net gesprengt"

Am Virfeld vun der Tripartite hätt d’Regierung sech keng fix Enveloppe ginn, betount de Finanzminister Gilles Roth am 100,7-Interview. Hien hätt zwar eenzel Iddien am Kapp gehat, mee sech op eppes fixéiere wollt hien net.

D’Resultat géing elo awer mat senge Virstellungen iwwereneestëmmen. “Et huet mäi Kader net gesprengt.”

Aktuell méi Steierrecettë wéi geduecht

Fir déi 180 Milliounen Euro vun dësem Joer ze finanzéiere geet de Staat sech an d’Excedante vun de Steierrecetten zerwéieren. Déi waren 800 Milliounen Euro méi héich wéi an den éischte 5 Méint zejoert.

“2024 war e gutt Joer um Niveau vun de Steieren. 2025 koum e liichte Broch. Mir hate just eng Progressioun vun 3,5 Prozent. Dëst Joer zéien eenzel grouss Steierrecettë wéi d’TVA, d’Betribssteier oder och d’Lounsteier, gutt un.”

Dofir hätt ee – Stand haut – op den 31. Mee 800 Milliounen Euro méi Recettë wéi am vergläichbaren Zäitraum 2025.

"Invest an de soziale Fridden"

De Finanzminister betount awer och, datt déi Sue batter néideg sinn. Net just fir de Resilienzpak, mee och fir d’Militärausgaben an d’Mesuren, déi een am Logement virgesäit.

Wat de Resilienzpak ugeet wier et awer kloer “en Invest an déi sozial Kohäsioun, en Invest a Rou, an en Invest an de soziale Fridden.”

Ënner dem Stréch ginn d’Betriber net ze vill belaascht an d’Leit entlaascht, fir esou och eng weider Indextranche ze verhënneren, déi fir d’Kompetitivitéit vun de Betriber “heiansdo déidlech” ka sinn, seet den CSV-Finanzminister.

Finanzminister virsiichteg optimistesch

Hie bremst awer gläichzäiteg och d’Euphorie a betount, datt een elo kucke misst, ob deen Trend sech confirméiert oder net.

“Wéi bei de Privatleit, wou d’Steierofrechungen no 1, 2 Joer kommen, ass et och op der Finanzplaz. Mir haten eng Zäit, wou héich Zënse waren an extreem gutt Sue verdéngt goufen op der Finanzplaz. Déi Steierjore ginn elo ugefaangen ofgerechent ze ginn. Dat stëmmt mech optimistesch.”

Mee, esou de Finanzminister, mat der aktueller geopolitescher Lag kéint sech d’Situatioun vun Dag zu Dag änneren, wat nees zu vill manner Previsibilitéit féiert an och Afloss op d’Steierrecetten huet.

Datt dat, wat an der Strooss vun Hormus aktuell lass ass, en Impakt op de Portmonni vun all eenzelem Bierger huet, wier “verréckt”.

Staatsdepensen: "Do musse mir eis nach e bëssen dru ginn"

D’Recetten hu sech also positiv entwéckelt. Bei den Depensë misst ee sech awer nach “e bëssen dru ginn”, mengt de Gilles Roth.

“Mir si bei ronn 7,2, 7,3 Prozent par rapport zum leschte Joer, also eng Steigerung. Virgesinn am Budget ware 5,7 Prozent. (...) Op den 31. Mee si mir zimmlech am Equiliber, mee zwee Méint nom Enn vum Joer ginn nach Depensen ofgerechent.”

De Gilles Roth betount awer och, datt déi 180 Milliounen Euro vum Resilienzpak par rapport zum gesamte Budget vun 130 Milliarden Euro, net ganz vill ass.

Gläichzäiteg koumen an Tëschenzäit vill imprevisibel Ausgaben dobäi.

“Ech hat net gemengt, wou mir de Budget 2025 opgesat hunn, datt mir um Niveau vun de Militärdepensë 600 Milliounen Euro méi misste virgesinn. Mir hunn et gestemmt, jo mat Defizit, mee do geet et eis net aneschters wéi an anere Länner. Do ass den Impakt dovun nach méi grouss wéi zu Lëtzebuerg.”

Tanktourismus en "noutwendegt Iwwel"

Am Idealfall kéim en Deel vun de Suen och nees zeréck an d’Staatskeess, beispillsweis iwwer den Ëmwee vun der TVA, wann d’Leit elo nees méi consomméieren, oder duerch Steierrecetten, wann d’Entreprisen nees Benefice maachen.

Fir de Finanzminister ass kloer, datt de Staat a schwieregen Zäiten de Leit an de Betriber hëllefe muss, an a gudden Zäiten awer och eppes op d’Säit leeë soll.

“Wann e klenge Betrib hätt missen an engem Coup zwou Indextranchë finanzéieren, ouni staatlech Ënnerstëtzung, an eng Augmentatioun vum Mindestloun finanzéieren, da leet deen de Schlëssel ënner d’Dier.”

Datt duerch d’Mesuren am Beräich Sprit den Tanktourismus kéint ugedriwwe ginn, wat en negativen Impakt op d’Klimaziler vu Lëtzebuerg hätt, wier “en noutwendegt Iwwel” an der CO2-Bilanz, awer net fir de Finanzministère, mengt de Gilles Roth. Hien erënnert och drun, datt op der Tripartite vu virun 3 Joer Blo-Rout-Gréng de Sprit och ëm 7,5 Cent erofgesat hat, fir den Effekt vun der Inflatioun ze bremsen.

Wéi ass et ëm d'Staatsschold bestallt?

D’Fro stellt sech awer, wéi laang d’Staatsschold nach ënner 30 Prozent vum PIB gehale ka ginn. Dës gëllt schonn zënter Laangem als eng magesch Grenz, déi net iwwerschratt dierf ginn.

De Gilles Roth seet awer, datt hie keen “Prozentfetischist” wier, an am Regierungsprogramm och keng fix Zuel stoe géing.

“Stand haut ginn ech dovun aus – an ech sinn éierlech gesot virsiichteg – datt mir déi 30 Prozent kënnen als realistesch aschätze fir anzehalen, mee ech weess och net, wat nach op eis duerkënnt.”

Déi Grenz wier festgesat ginn, éier ee méi héich Militärausgaben hätt missen aberechnen. Fir de Minister ass awer kloer: “Et kann net sinn, well mir musse méi fir de Militär ausginn, datt dat d’Leit am Portmonni spieren.”

play_arrow Lauschteren