arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV-Finanzminister Gilles Roth geet dovun aus, datt Steierreform 2028 a Kraaft trëtt

Finanzpolitik

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

CSV-Finanzminister Gilles Roth geet dovun aus, datt Steierreform 2028 a Kraaft trëtt

De Finanzminister Gilles Roth geet och nom Tripartite-Accord nach ëmmer dovun aus, datt d’Steierreform wéi ugekënnegt den 1. Januar 2028 kann a Kraaft trieden. Den CSV-Politiker hofft, datt d’Chamber dëse Projet am Oktober oder November dëst Joer ka stëmmen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Gilles Roth (CSV)  | © © SIP / Sophie Margue
Gilles Roth (CSV) (Foto: © SIP / Sophie Margue)

Zesumme mam Minister gouf an der Chamberfinanzkommissioun den Avis vum Staatsrot analyséiert, zum Projet, mat deem jo ënner anerem eng eenheetlech Steierklass soll agefouert ginn.

"Et gëtt keng Steierreform zum Nulltarif"

Krittesch hat de Staatsrot d’Auswierkunge vun der Steierreform op de Staatsbudget gesinn, respektiv, datt keng Géigefinanzéierungsmesurë virgesi sinn. Et gëtt geschat, datt de Steierausfall fir d’Joer 2028 bei 850 Milliounen Euro läit, a bei 910 Millioune fir 2029. Dat wier awer net anormal, esou de Gilles Roth.

"Et gëtt keng Steierreform zum Nulltarif, wann een d'Leit entlaascht. A mir maachen hei jo eng gesellschaftspolitesch Steierreform, ouni dass een eppes derbäi verléiert. De Gros vum Käschtepunkt kënnt eigentlech doduerch, dass mer eng Iwwergangsphas vu 25 Joer loossen, fir besonnesch déi Menages monoactifs, dat heescht wou ee Salaire, wou eng Pensioun ass. An dat huet numol säi Käschtepunkt."

Laang Iwwergangsphas wier e Kompromëss

De Staatsrot huet sech d’Fro gestallt, ob d’Iwwergangsphas vu 25 Joer fir bestueten a gepacste Koppelen net aussergewéinlech laang ass. De Gilles Roth schwätzt dobäi vun engem "Kompromëss".

"Besonnesch d’Gewerkschafte soen, dat sollt onendlech sinn. De Staatsrot seet, et sollt méi kuerz sinn. Duerfir mengen ech, hätte mer mat deene 25 Joer eng gutt previsibel Mëtt fonnt."

Wäert eng konkret Ännerung um Projet ginn

Presentéiert huet de Finanzminister de Moien an der Chamberkommissioun eng Rei Regierungs-Amendementer zum Projet fir d’Steierreform. Eppes Wesentleches géif ugepasst ginn, huet de Gilles Roth no der Sitzung erkläert.

"Nämlech de Fakt, dass mer erstmaleg erëm eng automatesch Indexupassung an d'Steiergesetzgebung fannen. Dat heescht am Kloertext, wa véier Indextranchen opgelaf sinn, da gëtt de Steierbarème no véier Indextranchen automatesch ugepasst."

De Staatsrot hat a sengem Avis vun Ufank Mee op e puer Punkte Korrekture verlaangt. Als nächst Etapp sollen an der Chamber d’Avise vun de Beruffschamberen zum Projet fir d’Steierreform ënnert d’Lupp geholl ginn.

 

play_arrow Lauschteren