Radioen

On air

9 bis 1  |  Louis Culture, Tora-i, Richie - Babe

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ COPAS: Penurie u Personal am Fleegesecteur ass beonrouegend

Fleegesecteur

COPAS: Penurie u Personal am Fleegesecteur ass beonrouegend

Am Fleegesecteur ginn an den nächste 5 Joer eng 900 nei Leit gebraucht. Vill Poste gi fräi, well aktuell Mataarbechter:innen a Pensioun ginn. Et kommen am Secteur net genuch Leit no.

auto_stories

1 min

Am leschte Schouljoer gounge grad emol 68 Jonker mat engem BTS-Infirmier aus der Schoul. Déi Zuelen nennt d'COPAS op enger Table ronde um Donneschdeg. Den Daachverband vun de Fleegeservicer hat déi Zoustänneg aus dem Secteur, ënner anerem och d'Sozial- a Gesondheetsministesch, genee wéi de Familljeminister Max Hahn invitéiert.

De grousse Constat ass, datt d'Penurie am Secteur beonrouegend wier. Si géif verstäerkt ginn duerch d'Ofhängegkeet vu Mataarbechter:innen aus der Groussregioun. D'COPAS fuerdert, datt Lëtzebuerg méi Efforte mécht fir de Fleegeberuff attraktiv ze maachen.

D'COPAS selwer wëllt bei der Formation en cours d'emploi besser berufflech Perspektive bidden an och den Accès vu sougenannte Quereinsteiger an de Beruff vereinfachen.