Um Dag virun där Annonce krut d’Petitioun, déi zum Zil huet, d’Benotze vun Handyen um Terrain vun der Schoul ze verbidden, genuch Ënnerschrëften.
De Minister betount am Debatt an der Chamber, datt de Basismodell am Secondaire enger physescher Distanz tëscht dem Handy an de Schüler:innen entsprieche sollt, mat zum Beispill dem Smartphone an enger Këscht.
Schoule sollen dat eenzel reegelen
Hie géif d’Lycéeën awer och elo unhalen, fir en internt Reglement unzehuelen. De Claude Meisch sot, hie kéint sech beispillsweis virstellen, datt déi éischt 3 Joer, sou wéi an der Grondschoul, keen Handy sollt benotzt ginn, oder awer dass et Plaze gëtt, wou de Smartphone erlaabt wier an där, wou dat net de Fall wier. Bis Päischte sollt all Schoul dat eenzel reegelen.
Um Ufank vun der ëffentlecher Debatt hat d’LSAP-Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener drun erënnert, datt u sech schonn zanter 15 Joer an engem Reglement festgehalen ass, datt Handyen an de Schoule sollten aus sinn. Dorun hätt sech just kee gehalen, well d‘Digitaliséierung esou séier viru geet, déi och vill Virdeeler hätt.
"Et geet net duer, déi Decisiounen ze dezentraliséieren"
D’Cristina Matiza begréisst, datt de Minister positiv op hir Petitioun reagéiert hätt. Dat ugekënnegt Verbuet géif awer net duergoen.
"Comme il s’agit d’une question ayant de profondes implications dans tous les aspects de la société, il ne suffit pas de décentraliser le pouvoir pour des décisions locales dans les écoles."
Et bräicht éischter eng national Strategie vum Educatiounsministère, déi sech op all d‘Schoulen applizéiert.
Nëmme sou kéint et zu Changementer kommen, an et wier eiser aller Responsabilitéit, fir de Wee bis un d’Enn ze goen, sou d’Petitionärin.