Den Donald Trump wier a senger leschter Legislatur vun 2016 bis 2020 friddensorientéiert opgetrueden, fënnt de Fernand Kartheiser. Hien hofft, datt entspriechend séier Moossname geholl ginn, datt déi Kricher an der Ukrain an am Noen Osten ophalen.
Esou wéi bis elo dierft net virugemaach ginn. Et bräicht Konzessiounen, soss géif et net zu engem Fridde kommen, seet den ADR-Deputéierten.
Iwwerdeems begréisst den ADR-Europadeputéierten och, dem Trump seng Positioun zur Freedom of Speech. Eppes wat an Europa tendenziell ageschränkt géif ginn.