An dat op eng fair, geuerdnet a gerecht Art a Weis bis spéitsdens 20250, wéi et vun der Wësseschaft recommondéiert gëtt. Dat Wuert „Ausstieg“ aus de fossillen Energien gëtt awer net am Text erwähnt.
Den Ausstieg aus de fossillen Energien war ee vun den haapt ongekläerte Punkten bei der Weltklimakonferenz déi lescht zwou Wochen. Virun allem de grousse Pëtrols-Produzent Saudi-Arabien hat sech queesch gestallt. Mee den Drock op déi Länner, déi de Status-quo bei de fossillen Energien zum Deel wëllen erhalen, war geklommen. Dat nodeems d‘USA, weltwäit gréisste Pëtrolsproduzent, betount huet, si wiere bereet, en Ausstig aus de fossillen Energien am finalen Text mat ze droen.