Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwäizer Gletscher hunn an zwee Joer zéng Prozent vum Volume verluer

Konsequenz vun der Äerderwiermung

Schwäizer Gletscher hunn an zwee Joer zéng Prozent vum Volume verluer

D‘Gletscher an der Schwäiz hunn an de leschten zwee Joer 10 Prozent vun hirem Gesamtvolume verluer, als Konsequenz vun der Äerderwiermung.

auto_stories

1 min

Den Aletsch Gletscher an der Schwäiz | © Patrick Robert Doyle / Unsplash
Den Aletsch Gletscher an der Schwäiz (Foto: Patrick Robert Doyle / Unsplash)

Dat ass esouvill wéi am Ganzen tëscht 1960 an 1990, geet aus enger neier Etüd vun der Schwäizer Akademie vun den Naturwëssenschaften ervir. Zejoert war mat engem Réckgang vu sechs Prozent iwwregens den zweethéchsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen.