Bei der Krankeversécherung gouf zejoert e Plus vu ronn 100 Milliounen Euro notéiert, deen d’CNS als exzeptionell ugesäit, no Jore vu Minus. D’Previsioune ginn dovun aus, datt et an den nächste Joren op deem Gebitt nees biergof goe wäert.
D’Gesondheetskeess betount donieft nach, datt ee sech d’Mëttele wëll ginn, fir d’Digitalisatioun weider ze dreiwen.