Am Hopital de jour goufen et bal 12.000 Hospitalisatiounen. Dee Chiffer ass ëm iwwer 11% an d‘Luucht gaangen. Donieft goufen d‘lescht Joer bal 610.000 ambulant Consultatioune gezielt. Iwwer 189.000 Patienten si behandelt ginn.
An den Urgencë gouf et d‘lescht Joer och méi Passage wéi d‘Joer virdrun. Bal 44.000 bei den Urgence fir Erwuessener, an iwwer 59.000 an der Kannerklinik, eng Hausse vun iwwert 26 %.
Am CHL hunn d‘lescht Joer 2.743 Leit geschafft, domat ass de Centre hospitalier den 11. gréissten Employeur am Land.