Besonnesch bei Famillje mat Kanner, Patchwork-Famillen, Elengerzéiend a Wittleit wieren d‘Reegelen nach zimmlech onkloer.
Déi steierlech Entlaaschtunge fir Entreprisen dierften net zu Laaschte vun de Leit goen, esou d‘CGFP an engem Communiqué. Et géif nach vill Klärungsbedarf bei der geplangter Steierreform ginn, positiv wier, datt de Finanzminister dialogbereet wier.