Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Brijean - Workin’ On It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CFL: Passagéierzuelen erreechen nees den Niveau vu virun der Pandemie

28,7 Millioune Passagéier

CFL: Passagéierzuelen erreechen nees den Niveau vu virun der Pandemie

Den zweethéchsten Nettobenefice an der Geschicht a Passagéierzuelen, déi nees un den Niveau vu virun der Pandemie erukommen: Dës Zuele sinn aus dem Joresbilan vun der CFL erauszeliesen.

auto_stories

2 min

CFL | © picture alliance / Hauke-Christian Dittrich
Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich

Den Ëmsaz vun der CFL ass am Joer 2023 ëm 5,7 Prozent par rapport zum Joer virdru geklommen an entsprécht elo ronn 1,13 Milliarden Euro. Domat ass et dat drëtt Joer hannerenee bei deem den Ëmsaz iwwert enger Milliard Euro läit.

Dës Zuel geet aus dem Joresrapport ervir, den haut um Méindeg virun der Press virgestallt gouf. Den Nettobenefice beleeft sech op 18,3 Milliounen Euro. Dat ass dat zweetbeschte Resultat an der Geschicht vun der CFL.

D'CFL huet hire Bilan vum Joer 2023 presentéiert. | © CFL
D'CFL huet hire Bilan vum Joer 2023 presentéiert. (Foto: CFL)

Réckgang bei der Pénktlechkeet

CFL huet zejoert am Ganzen 28,7 Millioune Passagéier transportéiert. Domat gouf den Niveau vu virun der Pandemie areecht. Dat nodeems d’Zuele wärend der Pandemie op ronn 14 Milliounen ofgefall waren.

Bei der Pénktlechkeet konnt d’CFL dat gesaten Zil fir 2023 vun 92 Prozent net areechen. Zejoert loung d’Pénktlechkeet bei 90,1 Prozent. Dat ass e Réckgang vun 0,4 Prozent.

De Marc Wengler, Generaldirekter vun der CFL, erkläert sech dee Chiffer duerch déi heefeg Streiken an den Nopeschlänner. Am ganze goufen zejoert 94 Deeg a Frankräich, Däitschland an an der Belsch gestreikt.

Aktualitéit
Mobilitéit