Een deementspriechenden Accord – ee sougenannten „power puchase agreement“ – hätten d‘CFL mam Groupe Enovos ofgeschloss, Enovos ass majoritären Aktionär vun deem Photovoltaik-Park a Rheinland-Pfalz.
Den Accord gëllt siwe Joer laang, bis 2030, an et wier deen éischten Accord vun dëser Zort hei am Land, sou d‘CFL an hirem Schreiwes.