Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CCSS: Unzuel un affiliéierte Salariéen an Independanten ass geklommen

Sozialversécherung

CCSS: Unzuel un affiliéierte Salariéen an Independanten ass geklommen

D‘lescht Joer hat d‘Sécurité sociale 7,3 Milliarden Euro u Kotisatiounen erakritt, dat si 500 Millioune méi wéi d‘Joer virdrun.

auto_stories

1 min

Dat hätt domadder ze dinn, datt méi Leit cotiséiert hunn, heescht et am Rapport annuel vum Centre commun de la Sécurité sociale. D‘lescht Joer ware beim Centre commun iwwer 486.500 Salariéen a bal 29.000 Independanten affiliéiert. Dat sinn ëm déi 3 % méi, wéi d‘Joer virdrun.

De Centre commun huet ad bal zwou an eng hallef Millioune Courrieren a Mailen traitéiert.