Am Géigesaz zu deem wat den Inneminister Léon Gloden géing soen, wier d’mendicité simple zanter 2008 autoriséiert. Och net kloer ass fir déi consultativ Mënscherechtskommissioun wat d‘Stad Lëtzebuerg an d‘Regierung mam Heescheverbuet wëllen erreechen. Ugangs hätt et geheescht, datt just déi aggressiv, respektiv organiséiert Mendicitéit viséiert wier. De proposéierten Text géif elo awer all Form vu Mendiciéit verbidden, kritiséieren d‘CCDH. Weider ass et d’Kritik am Schreiwes, datt den Heeschevebuet net déi richteg Äntwert wier am Kampf géint d‘Aarmut. Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fuerdert vun der Regierung sech ze froen, firwat verschidde Persounen net wëllen oder kënnen op d’Hëllefs-Strukturen oder Servicer an der Stad zeréckgräifen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ CCDH: Mendicité simple ass net verbueden
Kritik um Inneminister
CCDH: Mendicité simple ass net verbueden
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun reagéiert an engem Schreiwes op den Heescheverbuet an der Stad. D‘CCDH rappelléiert datt déi sougenannt „mendicité simple“ net verbuede wier.
auto_stories
1 min