Déi consultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert, datt d'Heescheverbuet net déi richteg Äntwert am Kampf géint d‘Aarmut wier. Vill méi misst op Präventioun gesat ginn, an an déi néideg Ressourcen investéiert ginn.
Gilbert Pregno: "Heeschen ass am Fong geholl ee Mënscherecht"
Zwar géif et genuch Institutioune ginn, fir de Betraffenen ze hëllefen, mee déi consultativ Mënscherechtskommissioun fuerdert elo vun der Regierung, sech ze froen, firwat verschidde Persounen net wëllen oder kënnen op d’Hëllefs-Strukturen oder Servicer an der Stad zeréckgräifen. Ausserdeem sollten déi bestoend Hëllefsstrukturen de Besoine vun de betraffene Leit ugepasst ginn, mengt de Gilbert Pregno, President vun der CCDH.
“Et kann net sinn, datt een d’Mendicitéit am Allgemenge verbitt. Well Heeschen ass am Fong geholl ee Mënscherecht an da soll een dat och respektéieren.”
Onkloer bleift, ob elo déi sougenannte mendicité simple, oder déi aggressiv an organiséiert Mendicitéit viséiert wier. Den Text verbitt u sech all Form vu Mendicitéit. Sou oder sou: fir géint déi organiséiert Mendicitéit virzegoen, misst de Parquet ageschalt ginn, seet de Gilbert Pregno. An déi einfach Mendicitéit misst als Deel vun eiser Gesellschaft ugesi ginn.
“Ech mengen, fir déi grouss Majoritéit vun de Leit, déi hei am Land wunnen, ass d’Tatsaach, datt do ee Mann oder eng Fra een Dëppche viru sech hält fir e puer Suen ze kréien, fir ze iwwerliewen. Ech mengen, datt dat deene Leit keen Dar am Aen ass.”
D'Ëmsetzung vum Verbuet gëtt net einfach
Vill méi misst een d’Generositéit vun de Leit begréissen a fërderen, fir de betraffenen eng Hand ze reechen. Elo wier déi eenzeg sënnvoll Mesure, d’Heescheverbuet erëm zeréck ze zéien, sou nach de Gilbert Pregno.
“D’Ëmsetzung dovun ass ganz schwéier. A wann eng Ëmsetzung kënnt, da muss ee kucken, wéi eng Instanzen do kënne spillen, fir esou ee Reglement ze annuléieren. Dat wäert dann awer Zäit huelen, an dat ass eng verlueren Zäit fir déi Mënschen, déi esou an Nout sinn.”
Mat engem Heescheverbuet géif een déi vulnerabelst Mënschen als "net gewollt" stigmatiséieren, sou nach déi consultativ Mënscherechtskommissioun an hirem Schreiwes.