No enger Schaffwoch zéien déi meescht CFL-Clienten, déi wéinst dem Chantier un der Hammerel-Bréck zu Beetebuerg mam Bus amplaz mam Zuch an d'Stad kommen, e positive Bilan.
CFL: Hu Changementer gemaach
Vun der CFL heescht et, Zich duerch Busser ze ersetze wier een Challenge, dee laang a strategesch preparéiert gouf. 800 Bustrajete pro Dag, 200 Buschaufferen an eng 100 Busse goufen agefouert, fir den Transport ze garantéieren. De Feedback vun de Méindeg hätt een ugeholl an e puer Changementer gemaach, esou den CFL-Pressespriecher Tom Ewert.
“Mir haten eis Spëtzenzäit op sechs hallwer zéng ausgeriicht an eis ass awer opgefall, datt ganz vill Leit mam Zuch och scho fir hallwer sechs komm sinn. Do waren d'Busser awer nach net do, mee dat hu mer eréischt gemierkt, wou et sou wäit war. Och dat ass ugepasst ginn an hu mer nach eng weider sechs Bussen zu där Zäit agesat.”
Ersatzbusser op dëser Streck nach bis d'Rentrée
Och wier een am enken Austausch mat der franséischer Bunn fir e glaten Oflaf ze garantéieren. No knapps enger Woch weist sech d’CFL zefridden.
Déi insgesamt 18.000 Passagéier déi all Dag vun Diddenuewen an aus dem Süde vum Land an d’Stat kommen, mussen nach bis d’ Rentrée op Ersatzbusser auswäichen.
Artikel: Ilana Joseph