Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bréissel schléit mat Budapest een aneren Toun un

EU-SOMMET

Bréissel schléit mat Budapest een aneren Toun un

Kuerz virun engem EU-Spezial-Sommet, dee wéinst engem Blockage vun Ungarn huet missen aberuff ginn, schéckt Bréissel aner Signaler a Richtung Viktor Orbán. Onkloer bleift, wéi eescht dat gemengt ass. Lëtzebuerg hält sech bis elo zeréck.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Ungarn EU | © picture alliance / SULUPRESS.DE play_arrow
Ungarn EU (Foto: picture alliance / SULUPRESS.DE)

Endlech wieren e puer Memberlänner waakreg ginn, esou kommentéiert de gréngen Europadeputéierten Daniel Freund déi neisten Entwécklungen a Saache 'Wéi soll d’EU mam Viktor Orbán sengen Dauer-Blockaden ëmgoen?'

Grond fir säin Optimismus, datt een elo anescht mam EU-Member Ungarn wëllt ëmgoen, sinn zwee aktuell Artikelen aus der Press.

Lëtzebuerg bleift virsiichteg

Emol hat e Freideg de Magazine „Politico“ geschriwwen, et géifen elo e puer Memberlänner, déi dofir sinn, datt d’EU eescht mécht a mat där Prozedur nom Artikel 7 vun den EU-Traitéë géint Ungarn virufiert, déi um Enn kann dozou féieren, datt d’Land säi Stëmmrecht an der EU verléiert.

Wéi eng Länner dat sinn, bleift allerdéngs onkloer. Op der Reunioun vum Conseil des affaires générales gëschter zu Bréissel, deen eigentlech fir deen Dossier zoustänneg ass, wollt allzäit kee vun de Ministeren aus de 27 EU-Länner d’Nouvelle confirméiert. Och net de Lëtzebuerger Vertrieder.

De Xavier Bettel verweist vill méi op d’Staats- a Regierungscheffen.

"D'Staats- an d'Regierungscheffe sinn déi, déi dem Text no d’Kompetenzen hunn an ech mengen, datt si elo d'Verantwortung och ze droen hunn. Mir sinn am Fong d'Executanten oder déi, déi virdru Saachen diskutéieren. Mee et wier gutt, wann d'Regierung an d'Staatscheffen och Faarf géife bekennen. Et géif et fir eis op jiddwer Fall méi einfach maachen."

Sollt dee Punkt op den Ordre du jour kommen, wier et gutt, Kloertext ze schwätzen, esou de fréiere Premier, ouni awer ze soen, datt hie sech selwer dofir asetze wäert.

Luc Frieden: Prozedur geet net vun haut op muer

Den aktuelle Lëtzebuerger Premier schéngt sech do och net wäit aus der Fënster wëllen ze leen. D’Diskussioun ronderëm den Artikel 7 wier laang, de Prozess ee komplizéierten, esou de Luc Frieden.

"Dat geet net vun haut op muer. Esou eppes kann een net an enger Sitzung decidéieren. Do muss fir d'éischt Mol eng Propositioun um Dësch leien. Alles dat gesinn ech net an dëser Woch geschéien."

Fakt ass, datt d’Europaparlament déi Prozedur nom Artikel 7 vum EU-Traité schonn 2018 lancéiert huet. Et hätt een also an der Tëschenzäit kënnen, wann de Wëllen dofir do gewiescht wier, domat virufueren.

Am Dialog bleiwen: dat awer ass dem Luc Frieden seng Devise, wann et ëm den Ëmgank mat Ungarn geet, “ouni datt dat heescht, datt een d'accord ass mat deem, wat den Här Orbán seet, well ech sinn dat net.”

EU-Plang fir Ungarn ënner Drock ze setzen?

D’Europäesch Unioun kéint de Spiiss ëmdréien a selwer dem Orbán-Regimm dreeën.

Et géif Pläng dofir ginn, dat hat gëschter d’Financial Times geschriwwen a sech op een EU-Dokument bezunn dat seet, datt wann Ungarn säi Blockage net ophieft, verschidde Staats- a Regierungscheffen ee Stopp fir d’Ausbezuele vu sämtlechen EU-Fongen un d’Land op de Wee brénge kéinten. Dat géif der ungarescher Ekonomie schueden, well doduerch Investisseuren ofgeschreckt ginn.

Hien hätt keng Informatiounen iwwer esou ee Plang, sot dozou de Luc Frieden.

"Ech mengen, datt einfach dat reflektéiert, datt eng ganz Rei Leit nodenken, wéi kann ee virugoen, mee esou e Plang, besteet menges Wëssens no net. Op jiddwer Fall, ech hunn en net kritt."

Et wier net gutt, op Erpressunge mat enger anerer Erpressung ze reagéieren, esou dem Xavier Bettel säi Commentaire.

Eng EU-Source no beim Dossier huet gëschter matgedeelt, dee Pabeier, op dee sech déi brittesch Zeitung bezitt, wier een Hannergrondtext iwwer déi ungaresch Ekonomie an hätt näischt mat den Debatten iwwer den EU-Budget ze dinn. Am Text géinge Suggestioune gemaach ginn, déi net am Zesummenhank mat den aktuelle Verhandlunge stinn.

Eng Erklärung, déi esou tel quel schwéier ze gleewen ass. De Fait, datt dee Pabeier grad elo e puer Deeg virum EU-Sommet der Press zougespillt gouf, an datt d’EU am Fong guer keng Handhab huet Ungarn all seng EU-Suen ze refuséieren, weist vläicht éischter, datt Bréissel a Richtung Budapest och emol mat de Muskele spille wollt.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.