Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréissel a Wallonie vu staarken Donnerwiedere betraff

Meteo

Bréissel a Wallonie vu staarken Donnerwiedere betraff

Staark Donnerwiederen hu gëschter um Dënschdeg an der Belsch vill Problemer verursaacht. Betraff war ënner anerem Bréissel. Dem belsche Soir no wieren zu Bréissel Wandspëtzte vun 102 Kilometer an der Stonn gemooss ginn an eng Rei Beem wieren ëmgefall.

auto_stories

1 min

Bréissel nom Donnerwieder. | © Sébastien Paulus
Foto: Sébastien Paulus

Wéinst dem staarke Ree goufen Tunnellen, Stroossen a Kelleren zu Bréissel iwwerschwemmt. Och d'Wallonie war betraff. E puer Leit goufe liicht blesséiert. D‘Zuchstreck tëschent Lëtzebuerg a Bréissel war gëschter eng Zäit laang ënnerbrach, well Beem op d'Gleiser gefall waren.

De belsche Wiederdéngscht hat fir gëschter Mëtteg an owes eng orange Alerte erausginn, deen zweethéchsten Niveau. Hei zu Lëtzebuerg hat Meteolux fir gëschter Owend an hënt eng giel Warnung, déi nidderegst Warnstuf, wéinst Donnerwiederen erausginn.