Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bréissel: Kompromëss iwwert déi europäesch Direktiv iwwer d'Liwwerketten

Europa

Bréissel: Kompromëss iwwert déi europäesch Direktiv iwwer d'Liwwerketten

De Kompromëssvirschlag fir déi europäesch Liwwerkettendirektiv gouf zu Bréissel ugeholl. Dat an der Sitzung vun den Ambassadeuren aus de 27 Memberstaaten. Dat huet déi belsch EU-Rotspresidence an der Mëttesstonn matgedeelt.

auto_stories

1 min

Geplangt sinn nei Reegele fir de Schutz vu Mënscherechter duerch Entreprisë mat iwwer 1.000 Mataarbechter a mat iwwer 450 Milliounen Euro Ëmsaz, war op Nofro bei der Lëtzebuerger Vertriedung bei der EU gewuer ze ginn. Lëtzebuerg huet den Text implizit ënnerstëtzt. Et gouf haut kee formelle Vott.

Elo muss d'EU-Parlament nach dofir stëmmen

Grouss Entreprisë sollen an Zukunft zur Rechenschaft gezu ginn, wa si zum Beispill vu Kanneraarbecht baussent der EU profitéieren. Diplomaten zu Bréissel haten eigentlech net méi mat enger Eenegung virun den Europawale gerechent.

D’EU-Parlament muss nach fir d’Liwwerkettendirektiv stëmmen. Eng Majoritéit gëllt als warscheinlech.