D’Baueren hu probéiert Stroosseblockade vun der Police ze passéieren. Et koum zum Asaz vu Waasserwerfer.
D’Ministere wiere sech eens, datt een d’Suerge vun de Bauere misst seriö huelen a séier Léisunge fannen, sot eis um Bord vun där Reunioun d’Agrarministerin Martine Hansen. D’Europäesch Kommissioun misst hir Virschléi nach méi detailléiert presentéieren.
D’Representanten aus den eenzele Memberlänner koume mat eegene Proposen an déi Reunioun. Lëtzebuerg géif ënner anerem drop pochen, datt manner Kontrollen néideg sinn an och duebel Sanktioune verhënnert ginn. Entspriechend Ännerungen am Agrargesetz wiere virgesinn, sou d’Martine Hansen.