Radioen

On air

De Weekend  |  LISA - Born Again Feat. Doja Cat, RAYE

play_arrow Live
search

/ Brand zu Ettelbréck am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique

CGDIS

Brand zu Ettelbréck am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique

De Moien huet et am Ettelbrécker Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique um fënnefte Stack gebrannt. Géint Véierel fir aacht goufe Pompjeeën op d’Plaz geschéckt. Déi éischt Unitéit konnt de Brand an engem Rou-Raum ënner Kontroll bréngen. Et ass kee Mënsch blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

D’Membere vum Personal déi mam Damp a Kontakt koume goufen op der Plaz vum CGDIS en charge geholl.

Patienten, déi um fënnefte Stack betreit ginn, mussen nach eng Zäit waarde bis datt se kënnen an hir Zëmmer nees eragoen.

Déi aner Patienten op anere Stäck konnten nees an hir Zëmmer goen, esou den CGDIS an engem Communiqué.