Wéi ee Spriecher vun der Police matdeelt, misst d‘Echtheet vum Schreiwes awer nach gepréift ginn. D‘Grupp geheit Tesla extrem Ausbeutungsbedéngunge vir a fuerdert eng „komplett Zerstéierung vun der Gigafactory".
D‘Tesla-Fabrick zu Grünheide huet de Moie misse komplett evakuéiert ginn an d‘Produktioun gouf gestoppt . Och an der Géigend ronderëm war de Stroum ausgefall. D‘Ëmgéigend wier an Tëschent awer nees mat Stroum versuergt, mellt den zoustännegen Energiefournisseur.