Wéi d‘Police matdeelt, hunn d‘Pompjeeën een 43 Joer ale Mann dout aus enger Wunneng gebuergen. D‘Feier wier um ieweschte Stack ugaangen. D‘Läschaarbechten hu bis de Moie fréi gedauert. D‘Gebai ass net méi bewunnbar, déi aner Awunner si provisoresch vun der Stad Lëtzebuerg ënnerbruecht ginn. De Parquet huet eng Enquête opgemaach fir déi genee Brandursaach festzestellen.
arrow_back_ios
search
search
/ Brand an Appartementshaus zu Bouneweg, eng Persoun gestuerwen
An der Nuecht op e Méindeg
Brand an Appartementshaus zu Bouneweg, eng Persoun gestuerwen
Beim Feier hënt an engem Appartementshaus, an der Rue de Wiltz zu Bouneweg ass een Awunner ëm d‘Liewe komm.
auto_stories
1 min