Wien zu Lëtzebuerg eng Wunneng sicht, dee geet meeschtens fir d'éischt emol op atHome.lu. Déi Plattform ass de klore Leader um Marché vun den Immobilienannoncen. Se kritt awer am Moment eng gewëssen Onzefriddenheet ze spieren. Net onbedéngt vun hire User, mee vun den Immobilienagencen, déi hir Annoncen um Site publizéieren an dofir och bezuele mussen.
40 Agencen hunn hir Annoncë rofgeholl
D'Agencë kritiséieren d'Präispolitik vun atHome, well fir 2026 eng Erhéijung vun den Tariffer ugekënnegt gouf, déi komplett ontransparent wier.
De Michael Eires ass Vertrieder vun der Fédération immobilière du Luxembourg, déi nach am Opbau ass, an an där sech eng Rei Immobilienagencen zesummen doe wäerten. Ënner anerem fir sech géint d'Präispolitik vun atHome ze wieren.
D'Agence vum Michael Eires war eng vun iwwer 150 Agencen, déi am November ee Bréif un atHome geschriwwen hunn, fir sech ze bekloen. E Bréif, op deen hie bis elo keng Äntwert kritt huet.
Dorops hin hunn hien a ronn 40 aner Agencen hir Annoncë vum Site rofgeholl.
Keng eenheetlech Präispolitik
Der Chambre Immobilière no ginn et awer wäit iwwer 500 Immobilienagencen hei am Land. Et sinn also net emol 10 Prozent vun den Agencen, déi sech bedeelegen un deem Boykott. Feelt et am Secteur u Solidaritéit?
"Mir hunn, wärenddeems mir de Bréif ënnerschriwwen hunn, eng Analys gemaach. Mir hunn awer plus minus fir 7.000 Annoncë gehat vun Ënnerschrëften. Mir hu plus minus ëm déi 15.000, 16.000 Annoncen zu Lëtzebuerg. Dat heescht, mir hunn awer och mat 150, 160 Agencen, déi dee Bréif ënnerschriwwen hunn, ëm déi 50 Prozent."
Konkret stéiert ee sech un de verschiddenen Abonnementer fir Agencen op atHome. Do ginn et dräi verschidde Stéck: Bronze, Sëlwer a Gold. Do géing de Präis awer "à la tête du client" decidéiert ginn. All Agence géing aner Präisser bezuelen, kritiséiert den Immobilienagent.
"Mir wëssen net, wéi déi Präisser opgebaut sinn. atHome huet eventuell och Schwieregkeeten, dat ze erklären, well se op dee Bréif do jo net äntweren. Dat heescht, ech ginn dovun aus, datt se haut net wëssen, wéi se op dee Bréif sollen äntweren, well jiddwereen en anere Präis bezilt."
Op Basis vun engem Chiffre d'affaire oder op Basis vun engem Algorithmus? Wéi gëtt de Präis berechent? Eng Äntwert dorop kréien d'Immobilienagencen net.
Eng nei Suchmaschinn fir d'Zukunft?
De Michael Eires mengt och net, datt déi Agencen, déi hir Annoncen zeréckgezunn hunn, sech domadder an dat eegent Fleesch schneiden. Aner Portaler géinge genau esou gutt funktionéieren.
Den Zesummeschloss vun den Agencë géing aktuell dann och un engem eegene Portal schaffen, erkläert de Michael Eires. Ee Prototyp wier scho fäerdeg. Et handelt sech ëm eng Zort Sichmachinn fir User
"Well et ass nämlech esou: Momentan geet jo en Utilisateur just op atHome, oder en anere vläicht op Immotop. An do verpasst en eeben déi Wunneng ze sichen oder ze fannen, wou en eventuell hätt kéinte fannen. An iwwer dee Moteur de recherche, deen herno mat allem verbonnen ass, do verpasst en nämlech näischt."
Fir an Zukunft op deem Outil vertrueden ze sinn, missten d'Agencë Member vun der Federatioun ginn. Kaschten deet dat 490 Euro pro Joer, esou nach de Michael Eires.