Radioen

On air

Moiesstudio  |  Zaho de Sagazan - Ô travers

play_arrow Live
search

/ Boeing 737 Max 9: Verschidde Schrauwen un den Diere si wuel de Problem

Éischt Analys

Boeing 737 Max 9: Verschidde Schrauwen un den Diere si wuel de Problem

Nodeems eng Boeing 737 Max vun Alaska Airlines eng Dier wärend engem Vol verluer hat goufe potentiell Problemer mat den Dieren an deene Fligere festgestallt. Verschidde Schrauwen an den Diere-Systemer wieren net fest genuch zougedréint. Dat huet déi amerikanesch Gesellschaft United Airlines fir d‘éischt matgedeelt, no der Ënnersichung vun hire Fliger vun deem Typ.

auto_stories

1 min

© Szabo Gabor / airliners.net
(Foto: Szabo Gabor / airliners.net)

Kuerz drop sot och Alaska Airlines, verschidde Schrauwe wieren net fest zou. Dat géif d‘Analys vun der Dier weisen, déi wärend dem Vol erausgefall war.

De Fliger war noutgelant. D‘Passagéier koume mat engem Schrecken dervun an e puer Leit goufe just liicht blesséiert.

No deem Tëschefall huet déi amerikanesch Autoritéit fir zivil Aviatioun decidéiert, datt eng 170 Boeing 737 Max 9 um Buedem musse bleiwen an ënnersicht ginn, bis d‘Sécherheet garantéiert ass.