Déi national Dateschutzkommissioun CNPD huet am Virfeld eng ganz Rei Suggestioune gemaach, déi och bal all am Gesetz opgegraff goufen, dat den Asaz vun de Bodycams reegelt. D'Dani Jeitz, Generalsekretärin vun der CNPD, weist am 100,7-Interview op ee Punkt hin, deen der Kommissioun besonnesch wichteg war: Den Ënnerscheed tëschent engem Lieu accessible au public, an engem Lieu non-accessible au public.
"Datt eeben deen Ënnerscheed gemaach gëtt tëschent: 'Wéini kënnen d'Bodycame benotzt ginn an engem Lieu accessible au public, also an engem ëffentleche Beräich, a wéini an engem Lieu non accessible au public. Dat heescht, wann elo Poliziste bei engem doheem mussen d'Bodycams benotzen, do sinn d'Krittären dann e bësse méi héich."
Esou mussen d'Kameraen däitlech siichtbar sinn. Dat steet och esou am Text dran. An och wann d'Kamera ufänkt opzehuelen, da muss ee Signal ze héiere sinn, erkläert d'Dani Jeitz. Dobäi kënnt eng kleng Luucht déi ugeet, fir datt een och gesäit, datt d'Kamera ophëlt.
De Verglach mam Ausland gemaach
Wichteg ass an deem Kontext awer och dat hei ze wëssen: Wann de Polizist op de Knäppchen dréckt, fir datt d'Kamera soll ufänken opzehuelen, dann hëlt déi och automatesch déi 30 Sekonne virdrunner op.
"Dat ass esou virgesinn. Dat kann een an eisem Avis nokucken. Dat hu mir dunn och fir OK empfonnt. Mir hunn eis och e bëssen do informéiert, wéi et am Ausland ass. An dat schéngt awer eppes ze sinn, wat relativ geleefeg ass."
Wat geschitt mat deene Biller, déi do opgezeechent ginn? Och dat ass kloer gereegelt, wéi d'Dani Jeitz vun der Dateschutzkommissioun erkläert.
"Dat, wat opgeholl gëtt op der Kamera, dat gëtt automatesch op e Support informatique sécurisé iwwerwisen. Do kann dann och wierklech just de Polizist selwer a bestëmmte Fäll déi Biller nokucke goen an déi Biller ginn automatesch no 28 Deeg geläscht. Ausser se ginn natierlech am Kader vun enger Enquête benotzt, da kënne se méi laang gehale ginn."
Dat alles gëtt am neien Artikel 43 gereegelt, deen am Juli 2023 an d'Policegesetz ageschriwwe gouf. Zwee Joer kommen d'Bodycams elo also an den Asaz, an d'Roll vun der Dateschutzkommissioun huet sech net just op Avise zum Gesetz beschränkt. Esou kënne si och kontrolléieren, ob sech un déi néideg Reegele gehale gëtt, wéi d'Dani Jeitz erkläert.