D‘Wasserwirtschaftsamt mellt Bloalgen am Stauséi an am Wämper Séi. D‘Schwammen do ass vun elo u verbueden.
Verschidden Zorten vun den Cyanobakterien kënne Gëftstoffer produzéiren. Dës kënnen fir de Mënsch, d‘Hausdéiren an d‘Wasserdéiren e Gesondheetsrisiko duerstellen heescht et am Communiqué.
Virun enger Woch war schonn an de Baggerweieren zu Rëmerschen eng ze héich Konzentratioun u Bloalgen festgestallt ginn.